Koherenz tëscht Baussen- a Staatsministère

Mengen Informatiounen no, goufen et schonn an der Vergaangenheet eng Réi Beméiunge säitens der Lëtzebuerger Diplomatie, fir op d’Situatioun an de Regiounen Donbass a Lugansk opmierksam ze maachen. Dës Beméiungen hunn zäitweis parallel zu Treffen an Telefonater vum Premier mat russesche President stattfonnt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gouf et säitens der Diplomatie tëscht 2014 an haut Reesen an oder bäi d’Regiounen Donbass a Lugansk? Wa jo, wat war d’Zil vun dëse Reesen? Wat war de Fazit?

  2. Wéi stinn d’Beméiunge vun der Diplomatie am Rapport zu de Gespréicher vum Premier mam President Putin an dëser Zäit, zum Beispill wärend der Weltausstellung 2017 zu Kasachstan?

  3. Kann de Premier versécheren, dass hei een eenheetleche Message zu de russeschen Aggressioune säit 2014 vu Säite vu Lëtzebuerg géigeniwwer Russland an der Ukrain vermëttelt gouf?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6027

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat