Doud maache vun Déieren um Brakeweier op der Kockelscheier

RTL.LU beriicht an engem Artikel vum 3te Juni, dass de Brakeweier op der Kockelscheier sanéiert gëtt. Iwwert déi lescht Joren hätt sech ze vill Bulli a soss organescht Material, duerch Mënsch, Déier a Planzen hei ofgesat. Weider gëtt am Artikel geschriwwen, dass verschidden Déieren fir kuerz Zäit an aner Weieren ëmgesidelt ginn an invasiv Aarte ginn dout gemaach. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat setzt d’Verwaltung drop, dass déi Déieren dout gemaach ginn a kënnen net ënnert anere Konditioune gehalen an um Liewe gelooss ginn?

  2. Wéi eng Aarten Déiere ginn hei dout gemaach?

  3. Wéi ginn dës Déieren dout gemaach?

  4. Wéi vill Déieren wäerten hei insgesamt dout gemaach ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2412

Nofro n°2578

CHD

A menger parlamentarescher Fro n°2412 wollt ech vum Minister wëssen, ob Déieren um Brakeweier wäerten dout gemaach ginn. Dorobber huet de Minister Wilmes keng Äntwert ginn.

RTL.LU hat an engem Artikel vum 3te Juni beriicht, dass de Brakeweier op der Kockelscheier sanéiert gëtt an dofir verschidden Déiere fir kuerz Zäit an aner Weieren ëmgesidelt ginn an invasiv Aarten dout gemaach ginn. 

  1. Ginn déi invasiv Aarten doud gemaach oder net a falls jo, wéi vill Déieren goufen bis elo dout gemaach a wéi vill wäerten nach dout gemaach ginn?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt