Klimabilanz vu Business Class Flich

Persounen, déi an d’Vakanz wëlle fléien, kënnen sech fir verschidden Destinatiounen tëscht Economy, Business oder First Class entscheeden. Am Fall, wou ee Business oder First Class bucht, huet d’Rei am Fliger nëmmen 2 Sëtzer, respektiv gëtt laut der “Free Steat Policy” de Sëtz an der Mëtt fräi gelooss. Doduerch fléie manner Passagéier an enger Maschinn vun A no B.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi chiffréiert sech am Duerchschnëtt den Ënnerscheed un d’CO2-Emissiounen pro Kapp tëscht engem rengen Economy-Fluch an engem renge Business-Fluch?

  2. Wéi positionéiert sech d’Regierung par Rapport zu Businessflich virum Hannergrond vum rezentste Klimarapport vun der IPCC? Denkt d’Regierung, dass esou ee Modell weider gefërdert soll ginn?

  3. Am Kader vun der CO2-Besteierung, gëtt op EU-Niveau elo och iwwert eng Kerosin-Stéier nogeduecht. Wéi steet d’Regierung zu enger CO2-Stéier, déi tëscht engem Economy, Business a First Class Fluch géing ënnerscheeden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4928

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt