Klappjuegd

All Joer, vun ongeféier Mëtt Oktober bis Mëtt Dezember, si wärend enger Rei Wochen iwwerall am Land vill Klappjuegten. D’Zil vun de Klappjuegten soll et sinn, fir déi sougenannten Iwwerpopulatioun u Wëlldéieren ze reguléieren. 

Mee d’Klappjuegd als Léisung fir d’Iwwerpopulatioun schéngt net wierklech ze gräifen. Et gi genuch Argumenter géint dës aggressiv Juegdmethod, wou Wëlldéieren a Panik an ënner Iwwerliewensstress geroden, wat och een Impakt op de Reproduktiounsrythmus vun den Déieren huet. 

Wann een d’Ofschlosszuelen aus de leschte Joren kuckt, gesäit een, dass Joer fir Joer méi Wëlldéieren erschoss ginn, mee et ass nach ëmmer net gewosst, wéi vill Déieren dann tatsächlech an de Bëscher liewen. An de järleche Berichter vum Ëmweltministère fënnt een nëmmen d’Ofschlosszuelen, mee keng Bestandszuelen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Klappjuegten goufen 2023 an 2024, opgelëscht pro Mount, ofgehalen?

  2. Op wéi ville Juegten goufen an de vergaangene fënnef Joren Alkoholprouwen gemaach? 

  3. Wéi vill Zesummestéiss goufen et an deene vergaangenen véier Joren, opgelëscht no Mount, tëschent Wëlldéieren a Stroossegefierer? 

  4. Existéieren Zuelen dozou, wéi vill Accidenter mat Juegdhënn passéiert sinn oder wéi vill Mol Juegdhënn fortgelaf sinn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1680

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene