Kennzechnung vum Fleesch

Lëtzebuerger Fleesch ass bekannt fir seng gutt Qualitéit a fir gutt Haltungskonditiounen. D’Regierung wëll d’Konsumenten zum Kaf vu lëtzebuerger Produiten animéieren. An der fräier Vente, zum Beispill beim Metzler, erkennt de Konsument awer dacks net, wou d’Fleesch hir kennt an aus wat vir engen Haltungskonditiounen d’Fleesch kënnt, sou kéint et sech zum Beispill ëm bëllegt a qualitativ schlecht Fleesch aus auslännescher Massendéierenhaltung handelen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Plangt d’Regierung eng obligatoresch Kennzeechnung fir d’Fleesch an der fräier Vente, fir dass de Konsument op den éischte Bléck erkennt, ob et sech em lëtzebuergescher Fleesch handelt oder em auslännescht? Wa nee, firwat net?

  2. Plangt d’Regierung eng obligatoresch Kennzeechnung vun den Haltungskonditiounen vun den Déieren, änlech wéi et dëst schonn an Däitschland gëtt? Wa nee, firwat net?

  3. Huet d’Regierung eng laangfristeg Strategie, wéi si de Konsument besser iwwert déi qualitativ Ënnerscheeder an ënnerschiddlech Haltungskonditiounen beim Fleesch wëll informéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7031

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat