Keng Sue fir d’Pompjeeën (CGDIS)

Eis fräiwëlleg Pompjeeë kruten hir Indemnitéite bis haut nach net ausbezuelt. D’Pirate wëlle vun der Ministesch Taina Bofferding wëssen, firwat dëst de Fall ass.

De Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) stellt een onverzichtbare Pilier vun eiser Gesellschaft duer. De selbstlosen Asaz vu ville Fräiwëllege rett all Dag vill Liewen zu Lëtzebuerg a wär ouni dës net funktiounsfäeg. Den Artikel 35 vum Gesetz vum 27. Mäerz 2018 beseet, dass d’Volontairen eng steierfräi Indemnitéit fir den Asaz beim CGDIS kënne kréien, déi vum Conseil d’Administration vum CGDIS decidéiert a vum Regierungsrot accordéiert gëtt. No den Informatiounen op der Website vum CGDIS gëtt den Engagement aktuell mat 1€/Stonn entlount. Verschidde Fräiwëlleger hunn eis beriicht, dass si – Stand haut – nach guer keng Indemnisatioun iwwerwise kruten.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:

  1. Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, dass d’Indemnitéite fir d’fräiwëlleg Pompjeeë schonn ausbezuelt goufen? Falls jo, wéini goufe se ausbezuelt?
  2. Wat sinn d’Grënn vun der spéider Ausbezuelung vun den Indemnitéiten?
  3. Etant donné,
    1. dass de Fonctionnement vum CGDIS op eng grouss Unzuel vu Fräiwëlleger ugewisen ass,
    2. dass den Engagement vill Fräizäit fir d’Volontaire fuerdert,
    3. der Ausso vum Koalitiounsofkommes op der Säit 54: “Une attention particulière sera portée aux pompiers bénévoles qui, ensemble avec les pompiers professionnels, sont les piliers de nos services de secours.”;
      ass d’Madamm Ministesch Bofferding der Meenung, dass de Benevolat beim CGDIS nach besser misst entlount ginn? Falls nee, wat ass hir Erklärung?

Fro n°429

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene