Keng Informatiounen zu de Gemengewalen well d’Personal am Congé ass

Den Dépôt vun de Kandidatelëschte fir d’Gemengewale steet virun der Dier. Dofir sinn elo vill Kandidaten an déi, déi et wëlle ginn, déi sech ob hir Gemeng beginn, fir do Informatiounen zu de Lëschten an de Walen am Allgemengen ze froen. Net all Gemeng schéngt awer prett, fir dës Informatiounen ze ginn. Eisen Ost-Piraten ass vun enger Gemeng Gréiwemaacher gesot ginn, dass deen Service dës Woch net besat wier.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Fënnt d’Ministesch net, dass elo wou d’Parteien hier Lëschte virbereeden déi Poste musse besat sinn?

  2. Falls et net esou ass, wäert Madamm Ministesch mat enger Circulaire reagéiere, fir dass hei net wäertvoll Zäit verluer geet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7815

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt