Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Keng gutt Protektioun vu perséinlechen Date vu Schoulkanner

Am Kader vun der Impfcampagne, dem Large Scale Testing an elo och de Schnell- a Selbsttester gi ganz vill perséinlech Date vun de Bierger verschafft. Och an de Schoule mussen d’Direktiounen an d’Léierpersonal säit der Covid-19-Pandemie méi oft mat perséinleche medezineschen Informatioune vu Schüler an Aarbechtskolleegen ëmgoen, wéi si dat virun der Kris gewinnt waren. Well déi Betraffen oft nach wéineg Erfarung mam Thema Dateschutz hunn a leider oft net wëssen, wéi eng Messenger-Déngschter wéi eng Informatioune vun hiren Notzer späicheren, soll et an de leschte Wochen zu Fäll komm sinn, wou Enseignantë Covid-Testresultater an/oder Informatiounen iwwert Isolatiounen/ Quarantaine vu Schüler oder ganze Klasse mat den Elteren iwwert d’Applikatiounen “Whatsapp” a “Classdojo” gedeelt hunn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat fir Kommunikatiounsweeër recommandéiert de Bildungsministère dem Léierpersonal fir de Kontakt mat den Elteren?

  2. Wéi huet de Bildungsministère d’Léierpersonal iwwert dat aktuellt Dateschutzrecht a seng Applikatioun am Kader vun der Gestioun vun der Covid-Kris opgekläert?

  3. Ass d’Regierung der Meenung, dass Applikatioune wéi déi uewe genannte sollten tëscht Enseignanten an Elteren zum Asaz kommen, fir Informatiounen iwwert Schüler oder de Schoulalldag auszetauschen?

  4. Ass d’Regierung der Meenung, dass Applikatioune wéi déi uewe genannte sollten tëscht Enseignanten an Elteren zum Asaz kommen, fir medezinesch Informatioune vu Schüler (z. B Covid-Testresultater oder Informatiounen iwwert Isolatiounen/Quarantainen) auszetauschen?

  5. Sinn dem Minister fir Bildung Fäll bekannt, wou perséinlech medezinesch Informatioune vu Schüler tëscht dem Léierpersonal an den Elteren iwwert Applikatiounen ausgetosch goufen, déi fir dës Aart vun Informatiounsaustausch keng dateschutzgerecht Kommunikatioun assuréiere kënnen?

    Falls jo:
    Ëm wéi vill Fäll a wéi eng Applikatiounen huet et sech gehandelt?
    A wéi ville Fäll ware mannerjäreg Schüler betraff?
    Wat gouf gemaach, fir den Dateschutz hei ze verbesseren?

    Falls net:
    Wäert de Bildungsministère sech mat den Direktiounen a Kontakt setzen, fir sech driwwer ze informéieren, wéi eng Kommunikatiounskanäl aktuell vum Léierpersonal genotzt ginn, a gegebenenfalls Opklärungsaarbecht am Beräich vum Dateschutz beim Léierpersonal leeschten?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4201

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll