Keng fossill Energien am Stroummix

Context:Aktualitéitsstonn zur COP26

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Den Donnéeë vum STATEC no (Composition du mix national de l’électricité fournie aux clients finals) bedréit den Undeel vu fossillen Energien am Stroummix ëmmer nach 30%;
  • Eng Motioun vun 29/4/2021, déi am Kader vum Gesetzesprojet 7649 deposéiert an an d’Kommissioun verwise gouf, hat gefrot fir de Stroummix “atom-fräi” ze kréien. De Minister fir Energie stoung dëser Fuerderung positiv géigeniwwer an huet versprach, an deem Beräich Drock op europäeschem Niveau ze maachen;
  • Den Usproch muss sinn, de Stroummix mëttelfristeg och CO2-fräi ze kréien;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. bis Enn 2022 ee konkrete Plang virzeleeën, fir de Kuelestroum aus dem “mix résiduel” auszeschléissen an dëse Plang bis 2030 ëmzesetzen.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen