Keng Autossteier, dofir eng Vignette fir jiddereen

Invité vun der Redaktioun (2. Oktober) Marc GoergenËffentlechen Transport iwwer eng Auto-Vignette couvréieren

D’Mobilitéit dominéiert dës Woch op RTL – zwou Woche virun de Walen. D’Piraten hu sech an hirem Programm villes afale gelooss …

D’Pirate wëllen an d’Chamber. Zwee Sëtz peile se un, si wëlle mat gestalten.

Si wären déi nei Partei, net virbelaascht wéi déi etabléiert Parteien an hätten d’Visioun vun engem modernen a fairem Lëtzebuerg, sot en Dënschdeg de Moien de Marc Goergen, Spëtzekandidat vun de Piraten am Süden. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.

Haaptsujet war d’Mobilitéit. D’Piraten hu konkret Iddien, wéi een déi am Land kéint verbesseren, zum Beispill wëlle si de Monorail, déi fix Radaren ofschafen, ee Stausystem aféieren an den ëffentlechen Transport méi performant maachen. De Marc Goergen, Spëtzekandidat fir d’Piratepartei am Bezierk Süden, war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Wat d’Gesamtkonzept vum Transport ugeet, misst ee kucken, datt d’Leit net méi ëm déi selwecht Auerzäit an d’Schoul ginn oder op d’Schaff fueren, doduercher wieren d’Stroosse saturéiert. Vill méi misst een och dezentral schaffen, heescht net nëmmen Entreprisen an der Stad usidelen. Eng aner Propos vun de Piraten ass et, datt de gratis ëffentlechen Auto-Transport iwwert eng Vignette couvréiert géif ginn. Déi géifen och Frontalieren an Touriste musse bezuelen.

http://radio.rtl.lu/emissiounen/den-invite-vun-der-rtl-redaktioun/1246365.html

 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene