An eisem Gesondheetssystem kënnt et ëmmer nees zu Rupture bei der Versuergung mat verschiddene Medikamenter. Fir verschidde Medikamenter, grad am Kader vu raren oder méi rare Krankheeten, ginn et a ville Fäll just ganz wéineg Alternativen an aus verschiddene Grënn kann net bei all Patient op dës Alternativen zréckgegraff ginn. Dobäi kënnt, dass vill vun dëse Medikamenter dacks och extrem deier sinn. Wa Patienten hiert Medikament hei am Land net kréien, an se gezwonge sinn, dës am Ausland ze kafen, mussen si dofir ëmmer d’Sue virstrecken. Eng Rupture vu verschiddene Medikamenter kann also schnell liewensbedreelech Konsequenzen no sech zéien, wann déi concernéiert Persounen net iwwert déi néideg finanziell Moyene verfügen, fir e puer honnert Euro virzestrecken an op de Remboursement ze waarden.
Eis gouf e Fall zougedroe, wou eng Persoun, déi fir eng Gemeng schafft an un enger rarer Krankheet leit, vun esou enger Rupture betraff ass. Trotz alle Versich a verschiddenen Apdikten, fir hiert Medikament hei am Land ze kréien, war dëst net méiglech a si gouf ëmmer nees op ee méi spéiden Zäitpunkt vertréischt. Am däitsche Grenzgebitt huet si dunn eng Apdikt fonnt, déi d’Medikament huet. De Problem ass, dass si d’Sue virstrecke muss an dat bei engem Medikament, wou eng Packung direkt e puer honnert Euro kascht, déi si awer net esou opbrénge kann. Wou si bei hirer Krankekeess nogefrot huet, ob si net en direkt Remboursement bei hinne kéint kréien, sou wéi et dat och fir d’CNS gëtt, krut si d’Äntwert, dass dat net méiglech wier.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Firwat existéiert eng Ongläichheet tëschent der CNS an CMFEC, wou d’CNS en direkte Remboursement erlaabt, awer déi aner Krankekeess dës Méiglechkeet net ubitt?
-
Ass d’Ministesch sech bewosst, dass dës Situatioun zu enger wichteger finanzieller Ongerechtegkeet féiert, wou Leit mat rare Krankheeten e puer honnert Euro virstrecke mussen an da laang op hire Remboursement musse waarden an en net direkt kënne kréien, well si bei enger anerer Krankekeess assuréiert sinn?
-
Ass d’Ministesch net der Meenung, dass dëst eng Inegalitéit tëscht den Assuréeë vun de verschiddene Krankekeessen duerstellt?
-
Wéi eng aner Krankekeessen hei am Land bidden nieft der CNS d’Méiglechkeet un, fir en direkte Remboursement ze kréien?
-
Ass d’Ministesch bereet, fir bei alle Krankekeessen hei am Land e System vum direkte Remboursement anzeféieren, wa Patiente mat rare Krankheeten hir Medikamenter am Ausland musse kafen, well si hei am Land net verfügbar sinn?
QP Nummer 2597