Keen AstraZeneca méi fir Persounen ënnert 60 Joer?

Published by Piraten on

An Däitschland huet d’STIKO (Ständige Impfkommission am Robert Koch-Institut) den 1. Abrëll hier 4. Aktualiséierung vun de COVID-19-Impfempfehlungen eraus bruecht. 

Heiran heescht et:
“Auf Basis der derzeit verfügbaren, allerdings noch begrenzten Evidenz und unter Berücksichtigung der gegenwärtigen pandemischen Lage empfiehlt die STIKO, die COVID-19 Vaccine AstraZeneca für Personen im Alter ≥60 Jahren zu verwenden. Der Einsatz der COVID-19 Vaccine AstraZeneca für eine erste oder zweite Impfstoffdosis unterhalb dieser Altersgrenze bleibt indes nach ärztlichem Ermessen und bei individueller Risikoakzeptanz nach sorgfältiger Aufklärung möglich. Bislang liegen keine Daten zum Risiko bei der Zweitimpfung vor. Hinsichtlich der zweiten Impfstoffdosis für jüngere Personen, die bereits eine erste Dosis der COVID-19 Vaccine AstraZeneca erhalten haben, gibt es noch keine wissenschaftliche Evidenz zur Sicherheit und Wirksamkeit einer heterologen Impfserie. Bis entsprechende Daten vorliegen empfiehlt die STIKO, bei Personen im Alter <60 Jahren anstelle der zweiten AstraZeneca-Impfstoffdosis eine Dosis eines mRNA-Impfstoffs 12 Wochen nach der Erstimpfung zu verabreichen.”

De Grond fir dës nei Recommandatioune sinn d’Optauche vu vereenzelte Fäll vun thromboembolischen Niewewierkungen no Impfunge mam AstraZeneca gewiescht, vun deene virun allem Persoune betraff waren, déi ënner 60 Joer al waren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn der Regierung déi genannte Recommandatioune bekannt?
    Wäert opgrond vun dëse Recommandatiounen eng Adaptatioun vun der lëtzebuergescher Impfstrategie virgeholl ginn?

  2. D’Vertrauen an den Impfstoff huet och en Impakt op d’Impfbereetschaft.
    Wéi vill Persounen, déi e Rendezvous an engem Impfzenter haten oder op enger Lescht stoungen, fir an engem Spidol oder Alter- a Fleegeheem geimpft ze ginn, hunn sech, wéi se gewuer gi sinn, dass si just mam AstraZeneca-Impfstoff geimpft kéinte ginn, géint eng Impfung entscheet?
    Wéi vill Prozent vun de Persounen, déi insgesamt geimpft goufen/hätte kéinte geimpft ginn, entsprécht dat?

  3. Wéi wäert d’Regierung op dat senkend Vertrauen an den AstraZeneca-Impfstoff reagéieren?


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.