Kee Recht méi op REVIS

“”La peur de se retrouver sans revenu est répandue et souvent accompagnée d’états d’angoisse et d’anxiété. La perte du REVIS est forcément lourde de conséquences : par exemple, ne plus pouvoir garantir à ses enfants un minimum de sécurité matérielle, mal les nourrir, ne plus pouvoir régler les factures indispensables et le risque de se retrouver à la rue sans logement.””

Dëse Passage kann een am Rapport vum Juni 2023 iwwert de REVIS liesen. Am Rapport gëtt duergeluecht, wat fir Konsequenzen d’Kierzen oder d’Sträichen vum REVIS kann hunn. Et kann een de REVIS reduzéiert oder gestrach kréien, wann de Staat aner Revenuen gesäit, déi een huet oder déi ee kéint hunn. Dorënner vum Beispill d’Pension alimentaire vum Ex-Partner, déi awer nach laang net all Elterendeel och wierklech kritt. 

Et kann een de REVIS och reduzéiert oder gestrach kréien, wann ee vu Sanktioune betraff ass. Do kënnt et am Normalfall zu engem Avertissement, dann enger Reduktioun vun 20% an dann engem Stopp vun 3 Méint vum REVIS. Et kann awer och virkommen, dass een direkt op de Stopp vun deenen 3 Méint fällt. 

Fir Leit, déi een Dossier bei der ADEM hunn, ass de Sanktiounssystem nach erëm aanescht. D’Leit an esou enger Situatioun mussen heefeg bei den Office social goen, fir dës Zäit z’iwwerbrécken an Hëllef kréien, fir ee Recours ze formuléieren. No 3 Méint kënne si dann eng nei Demande maachen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persoune sinn an de leschte 5 Joer sanktionéiert ginn? Wat fir Sanktiounen si jeeweils geholl ginn (3 Méint Kierzung, Schléissung vum Dossier ausgedréckt a Prozent)?

  2. Wéi vill Persoune kruten de REVIS an de leschte 5 Joer op Grond vun neie Revenuen gekierzt oder gestrach?

  3. Wéi vill Prozent vun de Persounen, déi sanktionéiert goufen oder hire REVIS gestrach oder gekierzt kritt hunn, hu Recours géint dës Decisioun ageluecht?

  4. Wéi vill Prozent vun de Persounen, déi Recours ageluecht kritt hunn, kruten um Enn Recht zougesprach an de REVIS erëm ausbezuelt?

  5. Am Rapport sinn dann och 7 Virschléi presentéiert ginn, wéi een d’Situatioun kéint verbesseren (Säiten 104-105 vum Rapport). Wéi stinn de Familljeminister an den Aarbechtsminister zu dëse Virschléi?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 288

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene