Käschten vun Covid-19 fir eisen Gesondheetsystem?

D’Zeitung “Welt am Sonntag” huet Zuele vun däitsche Privatversécherunge publizéiert, laut deenen d’Behandlung vu Patiente mat schwéiere Covid-Krankheetsverleef an der Moyenne 38’500 € kaschten. 10% vun den ze beootmende Patiente géinge souguer iwwert 85’000€ kaschten. Eng stationär Behandlung an enger Klinik an Däitschland géing laut Bericht 10’700€ kaschten. D’Zuelen, wéi vill d’Patienten d’Versécherunge bei Long Covid-Symptomer kaschten, ginn net genannt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kënnen d’Ministeren chiffréieren, wéi vill eng komplett Impfung vun engem Bierger/enger Biergerin an der Moyenne kascht, op Basis vu folgende Käschtefaktoren 1. Invitatioun,  2. Werbekampagnen,  3. Vaccin,  4. Honoraire vun den Dokteren, 5. Salaire vun de Persounen am Impfzentrum,  6. Loyeren, Energiekäschten, etc.

  2. Kënnen d’Ministeren aschätzen, wéi vill eng stationär Behandlung vun engem Bierger/enger Biergerin wéinst enger Covid-19 Infektioun an enger Klinik kascht?

  3. Kënnen d’Ministeren aschätzen, wéi vill an der Moyenne d’Behandlung vun engem Bierger kascht, dee wéinst enger Covid-19 Infektioun fir d’éischt stationär an dann intensiv an enger Klinik zu Lëtzebuerg behandelt muss ginn?

  4. Kënnen d’Ministeren aschätzen, wéi vill an der Moyenne d’Behandlung vun engem Bierger kascht, dee wéinst enger Covid-19 Infektioun op der Intensivstatioun beotemt muss ginn?

  5. Kënnen d’Ministeren chiffréieren, wéi vill an der Moyenne d’Behandlung vun engem Bierger bis elo kascht huet, dee wéinst de Niewewierkunge vu Covid-19 behandelt gëtt?

  6. Hunn d’Ministeren Zuelen zu de Käschte fir de Gesondheetssystem vu Patienten, déi ënnert Long-Covid leiden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5273

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a