Käschten bei de Busser (CFL – TICE)

Ee WORT-Artike vum 1ten August titelt “Die Kosten des TICE steigen dramatisch”. 

Deemno läit de Käschtepunkt am Joer 2023 fir den TICE bei ronn 70 Millioune Euro fir ronn 7 Milliounen gefuere Kilometer. Dat si ronn 10€ pro Kilometer.

Bei den CFL-Busser läit de Käschtepunkt bei ronn 8,5€ pro Kilometer fir d’Joer 2025 (61 Milliounen Euro fir 2025 bei och ronn 7 Millioune gefuerene Kilometer), wann een d’Zuele vum Gesetzesprojet n°8322 kuckt.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Wéi vill Busser wäerten 2025 bei den CFL fueren a wéi vill beim TICE?
  2. Ronn 380 Buschauffere fuere laut WORT-Artikel aktuell fir den TICE. Wéi vill Buschauffere fueren aktuell fir d’CFL?
  3. Wéi vill Passagéier goufen 2023 vun den TICE-Busser transportéiert a wéi vill vun den CFL-Busser?
  4. Wéi vill Euro huet de Staat 2023 fir d’Busservicer vun den CFL bäigeluecht a wéi vill fir den TICE? Wéi gesäit de Ratio aus, wann een d’Subventioun duerch d’Unzuel u Passagéier dividéiert?

Fro n° 1099

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen