Käschte vun de Schnelltester

An engem Artikel op 100komma7.lu gouf an engem Interview vun engem Beamten aus dem Gesondheetsministère erkläert, dass Lëtzebuerg weider 5 Millioune Covid-Schnelltester zum bestoende Stock vun aktuell 2 Millioune bäikafe wäert. Wéi d’Medieplattform schreift, goufen et awer keng Prezisiounen zum Akafspräis. Zitat:

“De Präis vun den Tester géif tëschent 2 an 12 Euro variéieren. Wéi vill Lëtzebuerg fir seng Milliounen Tester bezuelt huet, wollt den Expert net soen. Et hätt ee sech op d’Präisleeschtungsverhältnis an op verschidde Krittäre vun der WHO baséiert, seet den [Beamten].”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill huet de Staat insgesamt fir déi 5 Milliounen Tester ausginn? Wat ass den Duerchschnëttspräis vun engem Test? Wat ass de Median?

  2. Wéi vill huet de Staat fir dee bestoende Stock vun 2 Millioune Schnelltester ausginn? Wat ass hei den Duerchschnëttspräis vun engem Test? Wat ass de Median?

  3. Bei wéi enge Firmen goufen d’Schnelltester bis elo bestallt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4040

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt