Kapazitéite fir d’Educateurs-Formatioun eropsetzen

Et ginn ëmmer méi Educateuren an Educatricen hei am Land gesicht, grad an der Betreiung vun Kanner besteet hei am Land eng grouss Demande. Zousäzlech Esou soll an Zukunft am Cycle 1 zousäzlech zum Enseignant en Educateur oder eng Educatrice an all Klass sinn. An och an de Betreiungsstrukturen soll méi Personal agestallt ginn. De 6te Mee huet den Educatiounsministère iwwert ee Communique matgedeelt, dass d’Kapazitéite fir d’Educateurs-Formatioun eropgesat solle ginn. Dëst iwwert 3 Weeër: 1. Kuerz a mëttelfristeg sollen d’Kapazitéite fir d’Educateurs-Formatioun am Lycée technique pour professions éducatives et sociales (LTPES) zu Miersch ausgebaut ginn; 2. Vun der Rentrée 2024/2025 u gëtt d’Educateurs-Formatioun am Enseignement secondaire général (Sektioun GED) och am Lycée Bel-Val am Süde vum Land ugebueden; 3. D’École nationale pour adultes (ENAD), déi schonn déi beruffsbegleedend Educateurs-Formatioun an der Haaptstad ubitt, soll dës Formatioun um Site vun Esch-Beval ubidden. Op dësem Wee soll dem grousse Bedarf un Educateuren an Educatricen hei am Land Rechnung gedroe ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill zousätzlech Enseignantë mussen agestallt ginn, fir all dës Klasse kënnen ze assuréieren a mussen dofir Enseignantë vun anere Klassen ofgezu gi respektiv Klassen zesummegeluecht ginn?

  2. Wéi vill vun dëse Poste si scho fest besat? Wéi vill vun dëse Poste wäerte jeeweils duerch fonctionnariséiert Enseignanten a wéi vill duerch Chargés de cours assuréiert ginn?

  3. “D’Opname-Kapazitéite fir d’Educateurs-Formatioun an der ENAD ginn och vun der Rentrée 2024/2025 un ausgebaut mat der Offer vun der beruffsbegleedender Educateurs-Formatioun op Däitsch um Site vu Belval. Vun der Rentrée 2025/2026 u bitt d’ENAD dës Formatioun och op Franséisch um Belval un.” Ëm wéi vill Plazen handelt et sech jeeweils bei der Formatioun op Däitsch an op Franséisch?

  4. “D’Opname-Kapazitéite vum LTPES wäerten och kuerz- a mëttelfristeg verstäerkt ginn. Momentan gëtt gepréift, wou déi zousätzlech Klassen installéiert kënne ginn.” Kann de Minister hei scho soen, bis wéini dës Analyse sollen ofgeschloss sinn?

  5. “Den LBV start bei der Rentrée mat zwou 2e-GED-Klassen, déi ronn 50 Schüler kënnen ophuelen. D’Formatioun gëtt op Däitsch ugebueden a fënnt am Bâtiment Terres-Rouges statt, am Häerz vu Belval. […] Vun der Rentrée 2025/2026 u bitt de Lycée Bel-Val och d’Educateurs-Formatioun op Franséisch un.” Firwat gëtt d’Formatioun op Franséisch réischt ab der Rentrée 2025/2026 ugebueden a mat 2 Klassen op Däitsch ugefaangen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 696

Zesummenhang posts

De Professor Phillip Dale huet zesumme mat Science.lu d’Fro analyséiert huet, ob Lëtzebuerg kéint säin Energiebedarf zu 100% selwer a klimaneutral hierstellen (https://science.lu/de/science-check-energiewende-erneuerbare-energien/kann-luxemburg-seinen-energiebedarf-zu-100-klimaneutral-selbst-herstellen ).
Lëtzebuerg war déi lescht Joren ëmmer erëm op den UN-Klimakonferenzen (COP) dobäi. D’Konferenz dëst Joer wäert zu Baku stattfannen. D’Haaptthema vun dëser Konferenz wäert
Zu Lëtzebuerg ginn et zwou Institutiounen, déi Autismus-Diagnose maachen,eng dovunner ass d’FAL. Dëst sot rezent RTL géintiwwer, dass een am Moment bei enger Waardelëscht