Kanner vu Lëtzebuerger Grenzgänger a Lëtzebuerger Schoulen

Den Artikel “Öffnet die Herzen, öffnet die Schultüren!” weist op d’Situatioun hin, dass ëmmer méi Gemengen hei am Land hir Schoule fir Kanner vu Frontalieren – mat lëtzebuergescher Nationalitéit – zoumaachen. Aus Plazgrënn géife Gemenge ëmmer méi heefeg Kanner vu Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, refuséieren. Reng rechtlech gesinn dierfen d’Gemenge selwer entscheeden, ob si Kanner aus anere Gemengen oder aus dem Ausland unhuelen oder net. Dës “atypesch” Grenzgängerfamilljen, déi Lëtzebuerger sinn, zu Lëtzebuerg schaffen a Steiere bezuelen, fillen sech als vollwäerteg Lëtzebuerger a wëllen dowéinst och hir Kanner a Lëtzebuerger Schoule schécken.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Kanner sinn a Schoulen zu Lëtzebuerg ageschriwwen, déi aktuell vun dëser Sonderregelung profitéieren?

  2. Wéi hunn d’Zuele vu Kanner, déi hei zu Lëtzebuerg an d’Schoul ginn, awer mat hirer Famill am Ausland wunnen, an deene leschte Joren evoluéiert?

  3. Wéi vill Kanner sinn hei am Land net bei hiren Elteren ugemellt a wou d’Elteren am Ausland ugemellt sinn?

  4. Am Artikel gëtt dorop higewisen, dass dës Kanner an Zukunft potentiell Salariéeën hei zu Lëtzebuerg kéinte sinn, déi mat engem Lëtzebuerger Schoulofschloss besser Chancen hätten an eventuell och eis Sprooch beherrsche géifen.

    Wéi schätzt de Minister de potentielle Gewënn fir Lëtzebuerg an, wann dës Kanner net nëmmen eng lëtzebuergesch Ausbildung kréien, mee och eis Sprooch léieren a méiglecherweis spéider zu Lëtzebuerg wunnen a schaffen?

  5. Kéint d’Regierung e Kompensatiounsmechanismus ausschaffen, wou e bestëmmten Deel vun den Akommessteieren, déi d’Frontaliere bezuelen, u Gemengen zeréckfléisst, déi hir Kanner ophuelen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2080

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt