Kanner a Fäll vu Scheedungen – Nofro

An der Äntwert op eis parlamentaresch Fro n°808 huet d’Justizministesch eis verschidden Zuele geliwwert zu de Scheedungen. Wat d’Zuele vum Droit de Garde vu Kanner a Scheedungsfäll betrëfft, esou schreift d’Ministesch: “Am Fall vun engem divorce pour rupture irrémédiable des relations conjugales versicht de Riichter d’Parteien ze versönen, respektiv hinnen ze hëllefen een Accord ze fannen, betreffend der Residenz vun de Kanner an de Modalitéite vum Besuchsrecht. Falls keen Accord zustane kënnt, hëlt de Riichter eng Decisioun a Funktioun vum Interêt vun de Kanner. […]  Bei klenge Kanner, respektiv Kanner déi nach gestëllt ginn, gëtt d’Residenz meeschtens bei der Mamm fixéiert. De Papp kritt an dëse Fäll e reegelméissegt Besuchsrecht. Wann d’Kanner iwwer 7 Joer al sinn, gëtt a ville Fäll eng résidence alternée op Prouf decidéiert.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi oft gouf zënter 2018 d’Residenz vum Kand bei der Mamm fixéiert a wéi oft beim Papp?

  2. Wéi oft gouf engem Elterendeel zënter 2018 d’Besuchsrecht entzunn?  Existéieren hei Zuelen opgeschlësselt jee nodeems dëst fir d’Mamm oder de Papp decidéiert gouf?

  3. Am Artikel 371-1 vum Code pénal steet: Seront punis d’un emprisonnement de huit jours à deux ans et d’une amende de 251 euros à 2.000 euros ou d’une de ces peines seulement, les parents et autres personnes […] qui ne représenteront pas à ceux qui ont le droit de le réclamer, […].  • Wéi vill Plaintë goufen et am Zäitraum vun 2018 bis 2023 betreffend dësem Passage vum Artikel 371-1 CP?* • Wéi oft gouf am selwechten Zäitraum d’Strof op Basis vun dësem Passage vum Artikel 371-1 ausgesprach?* • Wéi vill Plainten op Basis vun dësem Passage vum Artikel 371-1 CP goufen am selwechten Zäitraum vum Parquet ad acta geluecht?* *Falls d’Ventilatioun net fir dëse Passage sollt verfügbar sinn, da w.e.g. op Basis vun alle Fäll vum Artikel 371-1 CP.

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1047

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene