Kampf géint Kandsmësshandlung – Nofro

An der Äntwert op d’Fro n°832 wollte mir Informatiounen kréien, wéi d’Justiz géint Kandsmësshandlung hei am Land virgeet.

D’Ministeren hunn eis vun der Zuelen geliwwert, déi net iwwertenee stëmmen.

D’Zuelen betreffend de Fäll zum Viol (375 CP), déi ad acta klasséiert goufen, variéieren tëschent den Tabellen an der zweeter Äntwert an der drëtter Äntwert:

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi kënnt dës Differenz tëschent dësen zwee Tableaux’en zoustan?

  2. Wat fir eng Zuelen sinn déi richteg?

  3. D’Ministeren hu geschriwwen:
    Et sief ze bemierken, dass eng Affär, déi zum Beispill 2023 klasséiert gouf, net onbedéngt och 2023 beim Parquet erakomm ass, mee an de Jore virdrun.
    Trotzdeem goufen op 5 Joer gekuckt 220 Fäll gemellt vu Viol gemellt an 85 Fäll ad acta geluecht, wat ronn 40% vun de Fäll ausmécht.
    • Wéi vill Fäll vu Viol goufen iwwert déi lescht 10 Joer gemellt?
    • Wéi vill Fäll goufen ad acta geluecht?
    • Wat sinn déi heefegst Grënn, firwat dës Fäll vu Viol ad acta geluecht ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1007

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene