Kamera-Iwwerwaachung vum Centre de conférence um Kierchbierg

Wéi aus engem Avis vum Stater Gemengerot ervir geet, ginn et eng Rei Problemer am Zesummenhang mat der VISUPOL-Kamera, déi um Kierchbierg de Centre de Conférence filmt. Problematesch ass, dass net just de Centre, mee och d’Entrée vun engem Hotel gefilmt gëtt, an dass aplaz vun der Police och privat Sécherheetsfirmen d’Bildmaterial consultéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ass et méiglech, dass déi genannte Kamera och en Hotel iwwerwaacht? Wien ass responsabel fir d’Ophänken an d’Ausriichtung vun de VISUPOL-Kameraen ze iwwerpréiwen?

  2. Wéi koum et dozou, dass privat Sécherheetsfirmen en Accès op d’Bildmaterial vun der Kamera kritt hunn?

  3. Wäert dës Kamera nei ausgeriicht ginn an d’Bildmaterial zukünftegt just nach vun der Police ausgewäert ginn?

  4. Wéi wëll de Minister assuréieren, dass et an Zukunft net méi zou Problemer, wéi deene genannten, kënnt?

  5. Gëtt et eng legal Basis, fir private Sécherheetsfirmen Zougang zu de Kamerae vu VISUPOL ze ginn? Falls net, wéi eng Suitte wäert d’Regierung dësem Gesetzesverstouss ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6471

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene