Kaméidi bei der Ausfahrt Livange

Op der A3 ginn den Ament vill Aarbechten duerchgefouert. Dowéinst, a well et sech ëm eng héich frequentéiert Verkéiersachs handelt, ass d’A3 eng grouss Kaméidissource. Am Kader vum “Plan d’action contre le bruit environnemental” ginn verschidde “Mesures Anti-Bruit” virgesinn, vir Bierger a Biergerinnen virun den negative Folgen vum Kaméidi ze schützen. Am Kader vum Ausbau vun der A3 ginn zur Präventioun a Reduktioun vum Stroossekaméidi sougenannt “écrans acoustiques” op der Héicht vun de Lokalitéite Beetebuerg, Peppeng, Léiweng, Bierchem a Béiweng ubruecht.  Zu Léiweng goufe mir awer elo vu verschiddene Bierger a Biergerinnen dorop opmierksam gemaach, dass opgrond vun der Proximitéit vun der Sortie zu de Wunnhaiser d’Belaaschtung vum Kaméidi immens staark wier. Op dëser Sortie wier keng Lärmschutzmauer ubruecht. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Gefierer ginn deeglech ronderëm d’Sortie Léiweng gezielt?

  2. Opgrond vu wéienge Krittäre gëtt decidéiert, dass d’Lärmschutzmauren eng adequat Moossnam zur Präventioun a Reduktioun vum Stroossekaméidi duerstellen?

  3. Béi wéi ville vun de genannte Lokalitéiten sinn och d’Sortie mat Lärmschutzmaueren equipéiert?

  4. Gëtt och virgesinn, d’Sortie zu Léiweng mat Lärmschutzmaueren auszestatten? Falls nee, wisou net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6336

Zesummenhang posts

De Professor Phillip Dale huet zesumme mat Science.lu d’Fro analyséiert huet, ob Lëtzebuerg kéint säin Energiebedarf zu 100% selwer a klimaneutral hierstellen (https://science.lu/de/science-check-energiewende-erneuerbare-energien/kann-luxemburg-seinen-energiebedarf-zu-100-klimaneutral-selbst-herstellen ).
Lëtzebuerg war déi lescht Joren ëmmer erëm op den UN-Klimakonferenzen (COP) dobäi. D’Konferenz dëst Joer wäert zu Baku stattfannen. D’Haaptthema vun dëser Konferenz wäert
Zu Lëtzebuerg ginn et zwou Institutiounen, déi Autismus-Diagnose maachen,eng dovunner ass d’FAL. Dëst sot rezent RTL géintiwwer, dass een am Moment bei enger Waardelëscht