- Am Kader vum Budgetsgesetz: Upassunge vum Steierkredit fir Elengerzéiender
D’Regierung hat eng Steierreform versprach, déi net kënnt. Et ginn awer vill Leit déi elo eng méi gerecht Steierpolitik brauchen an net bis 2024 oder nach méi spéit waarde kënnen. Mir Piraten fuerderen dofir, dass op mannst den Elengerzéienden direkt gehollef gëtt an deem s de Crédit d’impôt monoparentaux (CIM) automatesch all Mount un déi Betraffe bezuelt gëtt an net nëmmen 1x d’Joer no der Demande op der Steiererklärung. Och soll de CIM just nach um besteierbaren Akommes (Revenu imposable) vun den Elengerzéiende festgemaach ginn an indexéiert ginn.
Dës Fuerderung ass mat de Stëmme vu vun DP,LSAP an déi Gréng ofgeleent ginn.
2. Fuerderung am Februar 2022: Hëllefe fir Gaskonsummenten
De Präis vum Naturgas ass vum 1te Juli 2021 bis den 1ten Februar 2022 ëm ronn 110% geklommen. Mam Präis klammen natierlech dann och d’TVA Einnamen. De Staat verdéngt also méi. Dofir hunn mir Pirate per Motioun gefuerdert, dass de Staat dësen Iwwerschoss un Einnamen un TVA, dee säit dem 1ten Juli 2021 entstanen ass, a Form vun enger Aide un d’Gaskonsummenten zréck ze bezuelen.
Och dës Motioun gouf mat de Stëmme vun DP, LSAP, Gréng an der Adr ofgeleent.
3. Fuerderung vum Mäerz 2022: Frais de déplacement an d’Luucht (op 115€ pro Unitéit)
D’Präisser op der Pompel sinn explodéiert an net jidderee kann elo direkt een Elektroauto kafen. Mir dierfen d’Leit, déi op den Auto ugewise sinn, net am Stach loossen a mussen hinnen elo direkt hëllefen.
Dofir hu mir an der Chamber per Motioun gefuerdert, dass d’Frais de Déplacement erhéicht ginn an esou jiddereen direkt bei sengem nächste Salaire manner Steieren ofgezu kritt.
D’Regierungsparteien DP, LSAP an déi Gréng wollten dat awer net!
4. Fuerderung vum Mäerz 2022: Erhéijung vun der Subvention de Loyer
D’Hausse vun de Präisser belaascht och déi Locatairen, déi elo schonns all Mount klamm bei Keess sinn an déi hier Wunneng mat Gas oder Masutt hëtze mussen. De Staat dierf net zouloossen, dass dës Leit an d’Energieaarmut ofrutschen a Mënschen a kale Wunnenge schlofe mussen. De Staat ënnerstëtzt haut méi schlecht opgestallten Haushalter mat der Subvention de Loyer a kann iwwert dëse Mechanismus geziilt deene Leit hëllefen, déi d’Suen am meeschte brauchen.
D’Piraten hunn sech an der Chamber per Motioun staark gemaach, fir de Locatairen am Kader vun der Energie- a Logementskris elo direkt d’Loyerssubventiounen z’erhéijen.
Eis Propos ass vun DP, LSAP an déi Gréng ofgeleent ginn.
5. Fuerderung vum Mäerz 2022: Eemoleg Energieprimm fir déi Leit, déi se ELO brauchen
Am Mäerz hate mir Piraten an enger Motioun gefuerdert, dass all Haushalt, deen net eligibel ass fir d’Energieprimm vun der Regierung ze kréien a manner wéi ronn 6500€ Butto verdéngt, eng eemoleg Energie-Primm an Héicht vun 100 Euro sollt schonn am Abrëll 2022 ausbezuelt kréien.
Dës Propos gouf vu kenger anerer Partei matgedroen.