Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Käerjeng: méi politesch Fairness w.e.g

D’Piraten hunn an hirer éischter Gemengerotssitzung zu Käerjeng gewisen, dass mir Courage hunn fir Verännerung an eis Meenung kloer wäerten an deenen nächste 6 Joer verdeedegen. Mir fuerderen, dass all Partei, déi an de Gemengerot gewielt gouf, ee Recht huet, fir Bierger:innen an d’Kommissioune vun der Gemeng ze nennen. D’Approche vun der CSV-LSAP-Majoritéit ass an eisen Aen net demokratesch!

Verschidde Gesetzer gesi vir, dass eng Gemeng Kommissioune muss hunn, fir iwwert verschidde politesch Sujeten ze diskutéieren (z.B. d‘Schoulkommissioun, Bautekommissioun). Dës Kommissioune beschäftegen sech mat konkrete politeschen an administrative Projeten. An dëse Kommissioune sëtze Persounen, déi vun de verschiddene Parteien am Gemengerot genannt ginn.  

D’Gemengegesetz (Artikel 15) hält fest, dass all Partei op Basis vum Walresultat proportional an de Kommissioune vertrueden ass. Fir d’Piraten heescht dat: all Partei muss an all Kommissioun vertruede sinn an deemno kënne Vertrieder:innen an d’Kommissiounen nennen.  

D’CSV-LSAP-Majoritéit an och d’LSAP-Inneministesch (Äntwert op eis parlamentaresch Fro n°8138) gesinn dat awer anescht an zwéngen d’Oppositiounsparteien duerch eng aner Interpretatioun vum Gesetz, op hiert Recht ze verzichten. Dës Weideren ass keen eenzege Vertrieder vun enger Oppositiounspartei zu Käerjeng an iergendengem Gemengesyndikat representéiert (wat iwwregens leider och a villen anere Gemengen nach ëmmer esou gemaach gëtt.) Déi generell Approche vun der CSV-LSAP-Majoritéit ass an eisen Aen net demokratesch, mee op reng Eegeninteressen aus!

Eise Pirat am Gemengerot zu Käerjeng, de Vincenzo Turcarelli, huet sech am Gemengerot fir d’Demokratie staark gemaach a mat “Nee” zu der Propose vun der CSV-LSAP gestëmmt. Mir fuerderen, dass all Partei, déi an de Gemengerot gewielt gouf, op mannst ee Recht huet, fir Vertrieder:innen an d’Kommissioune vun der Gemeng ze nennen. 

D’Aart a Weis, wéi d’Kommissioune gehandelt ginn, weist alt nees, dass mer dringend een Upgrade fir d’Demokratie an eiser Gemeng brauchen. D’Piraten sti weiderhin déi nächst 6 Joer fir méi Transparenz a méi Demokratie um Gemengenniveau, ënnert anerem och duerch d’Aféiere vun engem Biergerrot.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll