Justiz beschwéiert sech bei der Regierung: Heescheverbuet suergt net fir méi Sécherheet!

D’Staatsanwaltschaft beklot sech ëffentlech doriwwer, dass dat vun der Regierung ënnerstëtzten Heescheverbuet zevill Ressourcen bei der Justiz an Usproch hëllt an deemno aner wichteg Dossieren bei der Justiz a Police leie bleiwen. Et ass ongewéinlech a bedenklech, dass den drëtte Pouvoir am Land sech un d’Politik went.


Aus deem Grond froe mir dréngend eng gemeinsam Kommissiounssitzung un, fir déi zoustännege Ministeren iwwert dëse Problem ze interpelléieren, op Basis vum Artikel 23 (3) vun eisem Chambersreglement.

D’Piraten hunn déi zoustänneg Regierungsmemberen an d’Chamber geruff, fir iwwert dëse Problem ze schwätzen.

Zesummenhang posts

D’Post bitt zënter 2023 de Service vum online Recommandé un, mat deem ee Bréiwer iwwert den elektronesche Wee kann un een Destinatäre fortschécken. D’Post
A menge parlamentaresche Froe n°3813 an 3927 hat ech op d’Situatioun vun Déierenbesëtzer um Wunnmarché opmierksam gemaach, wou et virkënnt, dass Locatairen verbuede kréien,