Jungfernfluch vum Militärtransportfliiger A400M

Gëschter ass den neie Militärtransportfliger A400M, deen di lëtzebuergesch Arméi zesumme mat der Belsch kaaft huet, um Findel gelant. De Militärfliger wäert feierlech den 9ten Oktober säi Jungfernfluch vu Lëtzebuerg op Melsbroek untrieden. Fir dës PR-Aktioun flitt den A400M net um direkte Wee vum Findel op Melsbroek, mee dréint eng Extraronn iwwert eng Réi vu Stied a Lëtzebuerg souwéi an der Belsch. Et stellt sech d’Fro vum Sënn vun dëser PR-Aktioun, grad virum Hannergrond vun engem spuersamen Ëmgang mam Ressourcëverbrauch, souwéi dem Schutz vu Klima an Ëmwelt, dëst an enger Zäit, an där ee groussen Deel vun eiser Gesellschaft fir de Schutz vum Klima op d’Stroosse manifestéiere geet. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ass ee spuersamen Ëmgang mam Ressourcëverbrauch mat esou enger PR-Aktioun vereenbar, wou ee Militärfliger ouni iergendwelleche prakteschen Notzen iwwert Lëtzebuerg an d’Belsch spazéiere flitt?

  2. Wéi steet de Minister zum Fluchkaméidi, deen de Fliger bei dësem PR-Fluch wäert produzéieren?

  3. Wär et, am Sënn vun enger ëmwelt- a klimafrëndlecher Politik, net sënnvoll op de PR-Tour ze verzichten an een Direktfluch vum Findel op Melsbroek duerchzeféieren? Firwat ass dës Optioun net vum Verdeedegungsministère a Betruecht gezu ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2965

Zesummenhang posts

Een Artikel op der Website correctiv.org beriicht, dass eng zu Lëtzebuerg usässeg Firma matgewierkt huet, fir medial Inhalter vum verbuedene russesche Sender Russia Today
Den 8. Mai 2019 huet de Minister fir Bannenzeg Sécherheet d’Statutte vun engem Groupement d’intérêt économique (GIE) mam Numm “Agence luxembourgeoise pour la promotion
D’Madamm Inneministesch huet eis an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n° 7679 opgekläert, dass, d’Kandidaten net ënnert deenen 50 Persounen dierfen sinn, déi fir