Joe Filbig

Mäin Numm ass Joe Filbig , ech sinn 29 Joer al,  gebiertege Minetter a vu Beruff  Conseiller de Vente am Beräich Bricolage. Säit 2014 sinn ech Member bei der PID a setze mech bei de Pirate fir ee bedéngungslost Grondakommes, Legaliséierung vun Hanf als Medezin an allgemeng dofir an, dass alternativ Medezin vun der Krankekeess rembourséiert soll ginn.

Ech sinn ee liewensfroue Mënsch, hëllefsbereet an ëmmer oppe fir nei Saachen.

Am léifste verbréngen ech meng Fräizäit mat menger Frëndin an eisen Déieren, déi mech bei mengen Interessen an Hobbyen ëmmer ënnerstëtzen.

Fannen dass Zäit mat Famill, Frënn, an natierlech mat sech Selwer verbréngen, dat wäertvollst ass wat een am Liewen huet. An leider gëtt dat sou oft vergiess.

En Zitat, dat mir vill am Liewe bruecht huet , ënner anerem “das grosse Ganze” vun enger anerer Säit ze gesinn ass:

Unser Hauptziel in diesem Leben ist es, anderen zu helfen. Und wenn du ihnen nicht helfen kannst, verletze sie zumindest nicht.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt