Fräie Posten: Attaché(e) parlementaire M/F/D (CDD/40h)

Fir eng Absence  duerch e Congé de Maternité an en uschléissende Congé parental ze ersetzen, siche mir zum nächst méiglechen Zäitpunkt a spéitstens  fir den 01.09.2022 e(ng) motivéiert(e) Mataarbechter(in) fir d’Team vun der Sensibilité politique vun de Piraten an hire Büroen  an der Stad ze ënnerstëtzen. Mir bidden e CDD mat 40 Stonne pro Woch bis den 01.11.2023 mat der Optioun bei gudder Zesummenaarbecht  no dësem Datum op e CDI-Kontrakt ze wiesselen.

 

Wat schafft e(ng) Attaché(e) parlementaire?


D‘Betreiung vun de parlamentaresche Kommissiounen:

– Liesen, kommentéieren an/oder resuméiere  vu Gesetzesprojeten
– Schreiwe vu  Gesetzesproposen

D‘Preparatioun vun den ëffentleche Sëtzungen:

– Schreiwe  vu Rieden oder Resuméen

D’Schreiwe vu parlamentaresche Froen:

– Hannergrond Recherchen zu de Froe maachen an d’Froe redigéieren

D’Kommunikatioun mat der Press:

– Verfaasse vu Pressekommuniquéën
– Deele vun neie  Gesetzespropositiounen oder parlamentaresche Froen
– Korrekturliese vun Zeitungsbäitreeg vun den Deputéierten

De Kontakt mat der Zivilgesellschaft:

– U Reuniounen  deelhuelen a Rapporte verfaassen
– Kuerz  Texter fir Social Media verfaassen
– Op Froe vu Privatleit äntweren

Wat fir Viraussetzungen muss ematbréngen?

Interêt u Politik:

Folgend Kommissioune wäerte vun der neier Aarbechtskraaft  ze betreie  sinn:
Kultur, Institutiounen, Famille & Integratioun, Justiz, Santé, Bildung a Gläichberechtegung.
En Interêt  fir d’politesch Aarbecht  an dëse Beräicher ass dowéinst onerlässlech.

Teamgeescht:

Dat ganzt Team steet dagdeeglech  an enkem Austausch. Et ass keng Plaz fir Allénggäng.

Selbststännegkeet:

Aarbechten, déi an den ze betreienden Themegebidder ufalen, sollen no enger Agewinnungsphase selbststänneg  erkannt an ausgefouert ginn.

Flexibilitéit:

Net ëmmer weess  ee laang am viraus, wéi ee Gesetzesprojet wäert op den Ordre du jour vun der Chamber kommen an d’Dagesaktualitéit verlaangt et heiansdo,  spontan ze reagéieren. Esou kann en Aarbechtsdag  och mol onerwaart méi wéi 8h laang ginn. Am Géigenzuch kënnen d’Aarbechtszäiten duerch  en Zäitspuerkont awer och flexibel agedeelt ginn an et besteet och d’Méiglechkeet vum Home Office.

Digital Skills:

D’Benotze vum Microsoft Office Package an den digitalen Austausch vun Dokumenter an d’Notze vun Chatrooms gehéieren zu den dagdeeglechen  Aktivitéiten.

Diplom:

Gesicht gëtt eng Persoun, déi mindestens e Bac+3-Diplom huet.

Du interesséiers dech fir den Job a fënns dech an dëser Beschreiwung  erëm?
Dann schéck eis deng Demande, bestoend aus dengem CV an denger Lettre de motivation, bis den 15.07.2022 op [email protected].

Well d’Pirate sech iwwerall staark maachen, fir d’Chancëgläichheet ze fërderen, biede mir em anonym Kandidaturen.
Wéi geet dat?
Ganz einfach: Et setzt ee keng Foto op den CV, et ënnerschreift een d’Lettre de motivation just mat den Initialen a benotzt d’Initialen och iwwerall soss, wou een den Numm wëll nennen. Fir Beschreiwunge vu sech selwer, hëlt een d’Endunge vum generesche Maskulinum. An dat war et schonn.

Mir freeën eis op vill motivéiert Demanden.

Bis hoffentlech geschwënn,
Äert Team vun der Sensibilité politique PIRATEN

Zesummenhang posts

A menger parlamentarescher Fro N°8287 wollt ech wëssen, wéi d’lëtzebuerger Regierung zur sougenannter Chatcontroll steet. Déi europäesch Pläng zur Chatcontroll, déi an der Propose
Leschte Mount hunn ech de Minister zur Ënnerbrengung vum Embassadeur zu New York befrot. Den Bausseminister huet erkläert, dass den Ambassadeur a permanente Vertrieder