Jill Clement

Moien,

ech sinn d’Jill Clement, 25 Joer jonk an ech schaffen als Pädagogin.

Meng grouss Leidenschaft ass d’Kenneléieren an Entdecke vun néie Platzen a Kulturen.
Sou hunn meng Studien a Volontariater mech schonn ënner anerem a Kanada, USA, Schweden, Italien an an de Myanmar verschloen.

Doduerch sinn ech ee weltoppenen a  wëssbegierege Mënsch de gären den Dialog mat de Léit sicht.

Zudeem spillen ech Volleyball, well ech domat Freed a Spaass verbannen a gläichzäiteg Disziplin, Ausdauer, Stäerkt an Denk-, esou ewéi Handlungsverméigen e wichtege Bestanddeel dovu sinn.

An menger Fräizäit treffen ech meng Frënn a maache Spadséiergäng mat mengen Hënn oder Entdeckungsreesen duerch Lëtzebuerg a ganz Europa.

Ech engagéiere mech politesch, well ee just eppes bewierke ka wann een och selwer aktiv gëtt.

Bedéngt duerch meng Studien an eegen Erfarunge leie mir besonnesch d’Bildungspolitik (formell an non-formell), d’Chancëgläichheet an d’Inclusioun um Häerz.

 

 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt