Jil Michels

Mäin Numm ass Jil Michels.

Ech hu 35 Joer,sinn zu Lëtzebuerg gebuer an hu meng ganz Schoulen och hei zu

Lëtzebuerg gemaach. 20 Joer hunn ech Basket gespillt a sinn nach ëmmer Sport begeeschtert

(Yoga,Lafen an an an). Musek,Konscht a Frënn a Famill dierfen och am Alldag

net feelen. Ech wunnen a schaffen an der Staat an huelen all Dag de Bus oder

de Véloh fir a mäin Buttek. Ech sinn definitiv motivéiert a mir net ze schued fir

mech fir Iech an ze setzen. Ech si realistesch an oppe fir Kritik an nei Ideen.

Ech sinn diploméiert Esthéticienne/Kosmetikerin a zënter  6 Joer selbststänneg mat 19 Joer

Beruffserfarung. Meng Ausbildung als Léiermeedchen hunn ech mat 18 Joer

ofgeschloss an ech war am ganzen 12 Joer beim selwechte Patron ugestallt.

Ech engagéiere mech fir mäin Beruff an der Fédératioun des Artisans an am Comité “Hair

Beauty Tattoo Guild” . Ech sinn an de Kommissioune fir Léiermeedercher a Bouwen, fir

d’Meeschterprüfung a fir d’VAE (Validation des acquis de l’éxpérience) vertrueden.

Ech kennen déi 2 Säite vum Beruffsliewen,déi vum Ugestallten an déi vum Chef.

Mir ass eng fair Behandlung fir béid Säite wichteg. Et brauch een sech géigesäiteg.

Dann leit mir den 3. Alter och um Häerz an ech setze mech natierlech och,als Fra,gären fir

d’Fraen an. Ech sti fir Respekt,Vertrauen,Éierlechkeet a si riet eraus.

Ech hu mech opsetze gelooss,fir kennen aktiv mat ze decidéieren,well vum ville bekloen/

meckeren oder besser wësse geschitt näischt.

Wisou Piraten?
Majo well d’Piraten realistesch a fair sinn
a well Si all Punkten déi mir um Häerz leien och vertrieden.

bis de 14.Oktober

Happy Wahlen

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene