Jerry Weyer

Mäin Numm ass Jerry Weyer,

Ech si Kandidat bei de Piraten fir d’Chamberwalen den 14. Oktober.

Ech sinn zu Meisdref bei Miersch opgewues, hunn Droit studéiert a leede säit 4 Joer zesumme mam Sven Clement eng Firma am digitale Beräich.

Virun 9 Joer hunn ech d’Piratepartei mat gegrënnt, well ech mech duerch déi existéierend Parteien net representéiert gefillt hunn: almoudesch Methoden, Denkweisen an Iddie wollt ech net akzeptéieren.

Ech sinn elo fir 2. Kandidat bei de Chamberwale fir eng nei Denkweis an d’Chamber ze bréngen:

  • de Schutz vun onse Fräiheets- a Biergerrechter,
  • den Ofbau vun der Bürokratie,
  • d’Encadréiere vun der digitaler Ekonomie an
  • an d’Ënnerstëtze vu klengen a mëttelstänneschen Entreprisen

bleiwe meng Schwéierpunkten.

Nëmme mat denger Ënnerstëtzung wäerten mir et de 14. Oktober packen fir an d’Chamber.

Mäi Numm ass Jerry Weyer, an dir kënnt mech wielen op der Lëscht 1 – d’Piraten !

Zesummenhang posts

Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.