Communiqué
D’Pirate wëllen drop opmierksam maachen, mat wéi enge Geforen an Erausfuerderungen d’Aféiere vun engem digitalen europäeschen Impfpass verbonnen ass. Et gëllt all Forme vun Diskriminéierung ze verhënneren an e System ze schafen, deen de Bierger/innen aus der Europäescher Unioun de Choix léisst, wann et ëm d’Wiel vun engem digitalen Impfpass oder enger Versioun op Pabeier geet.
Wéi an der Presse an de leschten Deeg bericht gouf, schafft d’EU un engem eenheetlechen digitalen Impfpass, dee schonns am Summer – rechtzäiteg fir d’Reessaison – kéint operationell sinn. D’Zil ass et, e gemeinsamen europäeschen Impfpass ze schafen, dee Persounen, déi géint de Covid-19 geimpft goufen, verschidde Fräiheete kéint zeréck ginn, wéi z. B. d’Participatioun u Concerten, d’Reesen oder de Besuch am Fitnessstudio. Wat fir Fräiheeten e Land geimpfte Persoune konkret bitt, soll dobäi net op europäeschem Niveau gekläert ginn, mee eng nationalstaatlech Decisioun sinn, déi also vu Land zu Land verschidden ausfale kann.
Och Lëtzebuerg wäert decidéiere mussen, wéi een Impakt den europäeschen Impfpass op national Covid-19-Restriktioune wäert hunn. Wäerten d’Reegele fir jidderee gläich bleiwen oder solle geimpfte Persoune bestëmmte Fräiheete genéissen däerfen?
D’Pirate wëllen an dësem Kontext un de lëtzebuergesche Code pénal erënneren, dee kloer beseet:
“Constitue une discrimination toute distinction opérée entre les personnes physiques à raison de leur origine, de leur couleur de peau, de leur sexe, de leur orientation sexuelle, de leur changement de sexe, de leur identité de genre, de leur situation de famille, de leur âge, de leur état de santé, de leur handicap, de leurs mœurs, de leurs opinions politiques ou philosophiques, de leurs activités syndicales, de leur appartenance ou de leur non-appartenance, vraie ou supposée, à une ethnie, une nation, une race ou une religion déterminée.”
Eng ënnerschiddlech Behandlung vu geimpften an net geimpften Persoune kënnt fir d’Piraten dofir net a Fro.
Gläichzäiteg wëllen d’Piraten och virdru warnen, sech vun den aktuelle politesche Kommunikatiounen am Ausland ze vill Hoffnunge maachen ze loossen. D’Impfcampagne kënnt just schleefend virun an dem Impfstoff ass net fir Kanner virgesinn. Och wa Länner aus dem Süde vun Europa hier Grenze fir Touriste mat Impfpass géifen opmaachen, riskéiert d’Familljevakanz ausfalen ze mussen. Hoffnungen op e Retour zur Normalitéit an de Mënschen ze schieren, däerf net als Moyen genotzt ginn, fir iwwert aktuell Problemer bei der Gestioun vun den Impfungen ewech ze täuschen.
D’Piraten erhoffen sech, dass zu Lëtzebuerg eng Léisung fonnt gëtt, déi de Bierger/innen de Choix léisst tëscht engem digitalen Dossier an engem Impfpass op Pabeier. Zudeem soll drop verzicht ginn, eng Zwou-Klasse-Gesellschaft ze kreéieren, an där Persounen, déi d’Chance hate geimpft ze gi, belount an anerer diskriminéiert ginn.
Wann dës Kris eppes gewisen huet, dann, dass mir an dëser Pandemie solidaresch a respektvoll mateneen ëmgoe sollten. Favoritismus an Diskriminéierung däerfe keng Plaz an eiser Gesellschaft kréien.