Iwwerstonnen am Secondaire

D’FÉDUSE/Enseignement-CGFP mécht an hirem Communiqué vum 30. November 2022 op d’Unzuel un Iwwerstonnen opmierksam, déi opgrond vun der Penurie un Enseignantë Woch fir Woch all Schouljoer musse geleescht ginn.
Nieft dem Ausbezuele vun enger Indemnitéit fir hir geleeschten Iwwerstonne kënnen d’Enseignantë säit Oktober 2018 dës Stonnen och, a begrenztem Mooss, op hirem Zäitspuerkont (CET) uspueren. Wärend beim CET de Prinzip “1 Leçon ugespuert = 1 Leçon Congé“ gëllt, gëtt beim Ausbezuele vun der Indemnitéit fir d‘Iwwerstonnen e reduzéierende Facteur 36/52 applizéiert. Als Konsequenz gëtt also dat, wat d’Enseignanten iwwert hir regulär Täche eraus schaffen, sou wesentlech manner entlount.
 Laut FÉDUSE ass dëse Facteur 36/52 op eng Spuermoossnam aus der Stolkris Ufank den 1980er Joren zréckzeféieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kann den Här Educatiounsminister bestätegen, dass d’Enseignantë fir déi Stonnen, déi iwwer hir regulär Tâche erausginn, een däitlech manner héije Bruttoloun kréien, ewéi fir déi Stonnen, déi Bestanddeel vun hirer „Tâche réglementaire“ sinn?
    • Wa jo, wéi begrënnt de Minister, dass Iwwerstonnen net mindestens genee d’selwecht bezuelt gi wéi regulär geleeschte Schoulstonnen?
    • Wa jo, wär de Minister bereet, de Facteur 36/52 aus der Formel fir d’Berechne vun der Indemnitéit fir d‘Iwwerstonnen ze sträichen an domat d’Diskrepanz zum Zäitspuerkont opzehiewen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7315

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat