Iwwerstonne am Secondaire – Nofro

An der Question parlementaire n°7315 hunn ech Froen zu den Iwwerstonnen am Secondaire gestallt. An der Äntwert krut ech d’Formel, mat där d’Indemnitéite gerechent ginn. Mir gouf zougedroen, dass dës Formel awer net bei der Ecole nationale de l’éducation physique et des sports (ENEPS) ugewannt géif ginn, mee dass do mat enger anerer Formel géif geschafft ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kann de Minister bestätegen, dass bei der ENEPS eng aner Formel ugewannt gëtt, fir d’Indemnitéite fir Iwwerstonnen ze berechnen?
    • Wa jo, wéi ass dës Formel, firwat ass se anechters an zënter wéini se ugewannt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7758

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt