Iwwerschwemmungen zu Lëtzebuerg

Den Europäesche Flutwarnsystem (EFAS) huet d’Regierunge vun Däitschland an der Belsch véier Deeg virun den éischten Unzeeche vun der Iwwerschwemmungskatastroph an der Groussregioun gewarnt. Ronn véieranzwanzeg Stonnen am Viraus goufen déi däitsch Autoritéite virgewarnt, wéi eng Quartiere wärend den Iwwerschwemmunge wäerte betraff ginn, och an de Géigenden, wou de mënschleche Bilan immens héich war. Zu Lëtzebuerg ass d’Administration de la gestion de l’eau (AGE) de Kontaktpunkt beim EFAS. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéini a wéi gouf d’lëtzebuergesch Regierung virun den Iwwerschwemmunge gewarnt?

  2. Firwat goufen d’Biergerinnen a Bierger um lokalem Niveau net méi intensiv virun den Iwwerschwemmunge gewarnt?

  3. Wéi präzis ass d’geografesch d’Opdeelung vum Virwarnsystem vun der EFAS? Léisst sech ee Gebitt um Niveau vum Land, dem Kanton, der Gemeng oder der Uertschaft, respektiv änlechen Opdeelungen, präzis erfaassen?

  4. An der Pressekonferenz vun haut de Moie gouf betount, “datt esou Evenementer sech an Zukunft wuel nach wäerten heefen.”
    Wéi eng Moossname wäert d’Regierung virhuelen, fir esou extreem Evenementer an Zukunft besser ze geréieren?

  5. Op der Pressekonferenz koum och d’Ausso, datt GouvAlert wäert iwwerschafft a méi performant soll gemaach ginn.
    Wat genee huet d’Regierung mat der GouvAlert-App Wëlles?
    Wat fir Kommunikatiounsmoossnamen huet d’Regierung fir déi Biergerinnen a Bierger geplangt, déi net mat de neien Technologie eens ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4675

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt