Iwwerscholdungsberodung als Hëllefsstellung

Context:Interpellation au sujet du Suicide au Luxembourg

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • dass Mënschen, déi sech an enger Liewenskris befannen oder duerch extern Aflëss eng Ausnamesituatioun duerchliewen, wéi zum Beispill duerch Iwwerscholdung oder de Verloscht vun der Aarbechtsplaz, engem erhéichte Risiko ausgesat sinn, suizidär Gedanken ze entwéckelen;
  • dass och de Staat a seng Administratiounen als Creancier optriede kënnen;
  • dass fréizäiteg Hëllefsstellungen de Leidensdrock vu Persounen, déi mat Iwwerscholdung ze kämpfen hunn, senke kennen.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. op all Rappell vun enger Facture an all Demande de payement, déi vun enger staatlecher Administratioun ausgestallt gëtt an e Montant vun 10.000 Euro oder méi ëmfaasst, op d’Méiglechkeet vun enger Iwwerscholdungsberodung ze verweisen.
  2. beim Ausstelle vun titres exécutoires zousätzlech och Hiweiser op Ulafstelle bäizeleeën, déi Scholdner op engem emotionalen a psychologeschen Niveau duerch de Prozess vun der Scholdeberengegung begleede kennen.

 

Dës Motioun huet keng Majoritéit an der Chamber fonnt. 

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen