Laut rezenten Informatioune benefisséieren zu Lëtzebuerg ongeféier 8.500 Verséchert vun der Iwwerhuele vun engem Rollstull duerch d’Fleegeversécherung oder d’Krankekeess. D’Käschten, déi vun der CNS iwwerholl ginn, variéiere staark, vun 230 Euro bis zu 35.000 Euro, jee no Aart vum Rollstull. Dës grouss Präisspann weist, datt et eng breet Pallette vu Rollstill gëtt, déi ënnerschiddleche Bedierfnesser vun de Betraffenen entspriechen an et stellt sech d’Fro, no wéi enge Krittäre genee d’CNS an d’Fleegeversécherung d’Iwwerhuele vun dëse Käschten decidéieren an ob et Ënnerscheeder an der Versuergung vun de Patiente gëtt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
No wéi enge Krittäre gëtt entscheet, ob e Rollstull vun der Fleegeversécherung oder vun der Krankekeess iwwerholl gëtt?
-
Wéi eng Prozedur muss e Patient duerchlafen, fir d’Finanzéierung vun engem Rollstull ze kréien, a wéi laang dauert dëse Prozess am Duerchschnëtt?
-
Gëtt et Limitatiounen oder Quoten, wat d’Erneierung vun engem Rollstull ubelaangt, a wéi eng Krittäre gëllen, fir en neie Rollstull accordéiert ze kréien?
-
Wéi eng Moossnamen hëlt d’Regierung, fir sécherzestellen, datt all Patient Zougang zu deem Rollstull huet, deen am beschte sengen individuelle Bedierfnesser entsprécht, onofhängeg vu senger finanzieller Situatioun?
-
Gëtt et Statistiken iwwer d’Unzuel vun den Demanden, déi ofgeleent goufen, a wat sinn déi heefegst Grënn fir eng Ofleenung?
QP Nummer 3394