Reform vun der Akommessteier

D’Regierung schafft aktuell un enger Reform vun der Akommessteier, woubäi et zu enger Individualiséierung soll kommen, bei där d’Steierklassen ofgeschaaft ginn. An der leschter Legislaturperiod goufen et vill Informatiounen doriwwer, wéi deen aktuelle System opgebaut ass a wéi vill déi eenzel Steierklassen abezuelen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persounen an deenen eenzelne Steierklassen bezuelen aktuell méi Steieren, ewéi se un Allocatiounen a Servicer erëmkréien? Aneschters gefrot, wéi vill Stéit sinn Nettosteierzueler?

  2. Wéi vill Steierzueler sinn (de leschte verfügbaren Zuelen no) an der Steierklass 1a a wéi verdeelen dës Stéit sech op déi eenzel Ënnerkategorien 1. les personnes veuves, 2. les personnes qui bénéficient d’une modération d’impôt pour enfants, 3. les personnes ayant terminé leur 64e année au début de l’année d’imposition.

  3. Wéi vill Steieren bezuelen déi eenzel Ënnerkategorien vun der Steierklass 1a (Total, Duerchschnëtt a Median fir dat lescht Joer, wou Donnéeen verfügbar sinn)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2401

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt