IRM um Potaschbierg

Den IRM-Apparat an enger privater Dokteschpraxis um Potaschbierg huet scho fir vill Diskussioune gesuergt. Mir ass zougedroe ginn, dass d’Qualitéit vun de Biller vum genannten IRM awer qualitativ deels mannerwäerteg solle sinn, soudass Spideeler selwer nach eng Kéier en IRM géife maache loosse fir qualitativ méi däitlech Biller ze kréien.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Entspriechen dës Gerüchter der Wourecht a sinn d’Biller vum IRM-Apparat um Potaschbierg qualitativ ze mannerwäerteg fir eng richteg oder sécher Diagnosen ze stellen?
  2. Falls d’Äntwert op d’Fro 1 jo ass, ass déi qualitativ mannerwäerteg Bildqualitéit dorop zréck ze féieren, dass den IRM-Apparat technesch net méi um neiste Stand ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7063

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen