D’Piraten hunn de Ministere fir Kommunikatioun a Medien & Konsumenteschutz, eng parlamentaresch Fro iwwer PSTN & IP-baséiert Uschlëss gestallt.
Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:
An der Äntwert op meng parlamentaresch Ufro N° 60 huet den Här Minister Folgendes geschriwwen: “Wann en IP Réseau komplett ausfält, da kann net méi iwwer deen kommunizéiert ginn. Well den 112 an den 113 awer och nach iwwer klassesch Interkonnektiounen mat de verschiddenen Operateuren verbonnen ass, kann een sech bei engem Ausfall vun engem IP Réseau iwwer aner Moyenen mat dëse Servicer a Verbindung setzen, wéi zum Beispill iwwer de klasseschen Telefonsréseau oder iwwer e mobillen Réseau.” An der selwechter Äntwert leet den Här Minister awer och duer, datt 54,10% vun allen Telefonsuschlëss mëttlerweil iwwert Breetband an eben net méi iwwert de klassesche PSTN fonctionnéieren. Gläichzäiteg ginn Attacken op IP-Netzwierker weltwäit ëmmer weider an d’Luucht.
An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:
- Wéi vill ëffentlech Telefonen (z. B. Telefonskabinnen oder Telefonen an Gemengen), déi nach iwwert PSTN ugeschloss sinn, si pro Gemeng disponibel fir datt Mënschen an Nout kéinten den 113 oder den 112 uruffen, falls den IP-Reseau ausfale géing?
- Wéi vill Notifikatioune – opgeschlësselt no de verschiddene Kategorië vum Artikel 1 –, déi ënnert de Reglement 14/181/ILR falen, goufen zanter sengem Akraafttriede beim ILR deposéiert?
- Ass gesetzlech garantéiert, datt de Konsument weess, ob en ee PSTN oder en IP-baséierten Uschloss huet? Falls net, sinn d’Ministeren net der Meenung, datt een hei fir méi Transparenz beim Konsument misst suergen – grad bei Persounen, déi kee Gerät besetze, mat deem se sech am mobille Reseau connectéiere kéinten?
- Wéi eng Moossname si vun der Regierung geplangt, fir déi hei opgeworfe Risiken ze miniméieren an d’Konsumente besser iwwer des z’informéieren?
Mat déiwen Respekt
Clement Sven
Député