Invitatiounen zur Long Covid Etüd

De Luxembourg Institut of Health (LIH) huet am Kader vun der Covid Pandemie eng éischt Studie zum sougenannten “Long Covid” ugefaangen. Hei solle Patienten, déi nach ëmmer ënnert de Folge vun hirer Infektioun leiden, hëllefen, dës Krankheet besser ze verstoen. Fir dës, an enger éischter Phase op 6 Méint ugesaten, Etüd brauch den LIH natierlech Probanden, déi an der Vergaangenheet positiv op de SARS-CoV-2 Virus getest goufen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Hunn déi Persounen, déi an der Etüd matmaachen, sech beim LIH misste mellen oder sinn dës Persoune kontaktéiert ginn?

  2. Falls  d’Persoune kontaktéiert goufen, kann d’Ministesch de genauen Oflaf, vum éischte Kontakt bis zur Participatioun, erklären? Ass d’Ministesch der Meenung, dass esou ee Consementent éclairé garantéiert ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4807

No dëser Äntwert huet de Sven Clement decidéiert, fir eng Nofro ze stellen (n°4960):

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt