Invitatiounen fir d’Covid-Impfung

Op der Pressekonferenz vum 1.02.2021 goufen nach weider Detailer zur Impfstrategie am Grand-Duché virgestallt. Am ganze goufen elo 6 Phasë festgeluecht.  D’Gesondheetsministesch huet och an engem Radio-Interview erkläert, dass mëttlerweil 23’000 Impfstoff-Dose géint de Covid-19 geliwwert goufen an, dass een hofft d’Phase 2 schonn Ufank Mäerz kënnen unzefänken.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Zu wéi engem Zäitpunkt gëtt eng Persoun gewuer, wéi een Impfstoff fir si virgesinn ass? Gëtt an dësem Zesummenhang een Ënnerscheed tëscht Persounen, déi an enger Klinik oder Altersheem geimpft ginn, an de Persounen, déi eng Invitatioun fir een Impfzenter kréien?

  2. Sollt een Dokter bei der Consultatioun am Impfzenter feststellen, dass eng Persoun besser net sollt geimpft ginn, kann dës Persoun dann nach een Avis vun engem zweeten Dokter (zum Beispill dem Hausdokter) anhuelen oder ass se endgülteg vun der Impfcampagne ausgeschloss? 

  3. Wat geschitt, am Fall wou den Dokter am Impfzenter enger Persoun zu engem bestëmmten Impfstoff réit, dës Persoun op eege Verantwortung awer léiwer en Impfstoff vun engem anere Produzent wéilt kréien?

  4. Kann eng Persoun sech och nach am Impfzenter, fir een aner Impfstoff entscheede wéi fir deen, dee fir si virgesi war, sollte verschidden Impfstoffer zur Verfügung stoen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3556

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen