Eng weider Invitatioun fir de Fleegesecteur

Context:Déclaration du Gouvernement sur l’étude externe indépendantze relative aux clusters

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • dass den Taux u geimpfte Persounen an den Alters- a Fleegeheemer beim Personal ëmmer nach net héich genuch ass;
  • dass d’Personal aus Alters- a Fleegeheemer fréi eng Impf-Offer gemaach krut an et nach eng gewëssen Onsécherheet um Terrain gouf;
  • dass eng zweet Invitatioun fir en MRNA-Impfstoff hëllefe kéint, d’Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur ze motivéieren, sech géint de Covid-19 impfen ze loossen.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. den Employéeën aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur nach emol e Bréif zoukommen ze loossen, mat enger Invitatioun, an de kommende Wochen e Rendez-vous maachen ze kënnen, fir nach prioritär mat engem MRNA-Impfstoff geimpft ze ginn, falls si nach kee Vaccin kruten.

 

D’Motioun gouf mat de Stëmmen vun der Majoritéit ofgeleent.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt