Investor-Staat-Schiedsverfahren

An de leschte Joren ass d’Unzuel vun Investor-Staat-Schiedsverfahren weltwäit staark geklommen. Lëtzebuerg ass als internationale Finanzzentrum besonnesch exposéiert fir esou Verfaren. Rezent gouf bekannt, datt de russesch-israeeleschen Oligarch Mikhail Fridman eng Fuerderung vu 16 Milliarden Dollar géint Lëtzebuerg agereecht huet wéinst dem Afréiere vu sengem Verméigen am Kader vun den EU-Sanktioune géint Russland. 

  1. Wéi vill Investor-Staat-Schiedsverfahre sinn aktuell géint Lëtzebuerg am Gaang, a wéi héich sinn déi bis elo ugefalene Verfuerenskäschten?
  2. Wat ass de Gesamtbetrag vun den Entschiedegungszommen, déi an dëse Verfare vun Investore gefuerdert ginn?
  3. Gëtt et nach weider Verfare vun Investore virun internationale Schidsgeriichter géint Lëtzebuerg, déi net op Basis vun engem Investitiounsschutzofkommes, mee op Basis vun engem Vertrag zustane komm sinn?
  4. Wéi vill Absichtserklärunge vun Investoren huet d’Regierung kritt, an deenen dës eng Schidsgeriichtsklo géint Lëtzebuerg ukënnegen?
  5. Wéi eng Iwwerleeungen a Pläng huet d’Regierung, fir déi bestoend lëtzebuergesch Investitiounsschutzofkommessen ze reforméieren oder ze kënnegen?
  6. Wéi positionéiert sech d’Regierung an den EU-Verhandlungen bezüglech der Inklusioun vun Investitiounsschutzkapitelen mat Investor-Staat-Schiedsbäilegung a neie Fräihandelsofkommen?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt