Deprecated: Use of "self" in callables is deprecated in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/a2-optimized-wp/core/A2_Optimized_CacheEngine.php on line 119
Investisseuren a Cabineten médicale – PIRATEN
Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Investisseuren a Cabineten médicale

An der Vergaangenheet huet den IRM um Potaschbierg ëmmer nees fir Gespréich gesuergt. De Ministère wollt d’Notzung vun IRMen a private Praxen net geneemegen, mam Argument, dass ee privaten Investisseuren op dës Aart a Weis net wéilt d’Dier opmaachen, fir aus der Gesondheet vun de Leit Kapital ze schloen. D’Situatioun gouf schlussendlech geléist, andeems de CHL den IRM aus der Praxis als Antenne zum eigentleche Spidol iwwerholl huet. 

Un eis gouf elo erugedroen, dass et a verschiddene Gemengen Zänndokter-Cabineten ënnert der Form vu Sociétés commerciales soll ginn, déi privaten Investisseuren (zum Beispill  eemolegen Immobilienagenten) gehéieren. D’Investisseure stellen d’Dokteren an a ginn hinnen och d’Materialien an d’Geräter fir hier Aarbecht. Am Géigenzuch mussen d’Dokteren dacks bis zu 50 Prozent vun de Suen, déi si verdéngen, un hir Patronen (also d’Investisseuren) oftrieden. Zu den Apparater, déi d’Dokteren zur Verfügung gestallt kréien, sollen och Rëntgenapparater gehéieren. Fir d’Uschafung vun dëse Geräter brauch een awer eng Autorisatioun vum Gesondheetsministère. Well an de genannte Praxen de Proprietäre vum Rëntgenapparat net den Zänndokter selwer ass, misst also an den Demandes d’autorisation vun de Rëntgenapparater en aneren Numm stoen, wéi dee vum Dokter.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch bestätegen, dass et hei am Land Cabinete ginn, déi privaten Investisseuren an net den Doktere selwer gehéieren? Wa jo, wéi vill esou Cabinete ginn et an a wat fir Gemenge sinn dës lokaliséiert?

  2. Am Fall wou d’Äntwert op d’Fro 1 “jo” ass: Wéi ass et méiglech, dass privat Investisseuren, déi selwer keng Doktere sinn, Cabinets médicales kënnen opmaachen an eng Autorisatioun fir medezinesch Geräter kréien? Wat ass hei d’Base légal a wéi eng Prozedure mussen duerchlaf ginn?

  3. Vill vun den Dokteren aus de genannte Cabinete sollen ënnert engem sougenannten “Contrat de collaboratioun” dacks aus dem Ausland op Lëtzebuerg gelackelt an ënnert schlechte Konditiounen ugestallt ginn. Gëtt et eng legal Basis, déi esou Kontrakter reegelt an d’Doktere virun Ausbeutung schützt?
    • Wa jo, wéi eng?
    • Wann nee, wéi kann et sinn, dass et scho Cabinete ginn, déi ënnert esou engem Regime funktionéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7745

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll