Interpellatioun iwwert d’Ëmweltmedezin

Sven Clement:

Mir ginn et net gären zou, mee eis Aart a Weis ze liewen, ass dobäi eis ëmzebréngen. A ville Beräicher genéisse mir an eiser moderner Gesellschaft en enorme Komfort, mee gläichzäiteg ass et genee dëse Komfort, deen eis lues awer sécher krank mëscht.

Mir hunn Iessen am Iwwerfloss; mee och Herbiziden, Fungiziden, Pestiziden an eng gutt Portioun Antibiotika iesse mir net seele mat. Mir si mobil a kënnen all Eck vun der Welt bereesen; mee eis Mobilitéit generéiert esou vill Co2 a Feinstaub, dass eis Otemweeër belaascht ginn an d’Weltklima sech verännert.

Mir kënnen alles bauen, wat eis an de Kapp kënnt an dat aus verschiddenste Materialien; mee och an eise Flëss an an de Mierer fanne mir ëmmer méi kleng a grouss Partikele vu genau dëse Materialien, déi do guer näischt ze sichen hunn, an déi eis an d’Déieren- a Planzewelt krank maachen.

2019 sinn der Europäescher Ëmweltagence EEA no, eleng an der EU iwwer 300.000 Mënschen un de Konsequenze vun enger ze héijer Feinstaubbelaaschtung gestuerwen. D’Thema vun der Ëmweltmedezin an domat verbonnen d’Fro, wéi mir Patienten traitéiere kënnen, déi vun de villen Ëmweltgëfter krank ginn, mee och d’Fro, wéi mir esou Schuedstoffer nees aus eiser Ëmwelt eraus kréien, sinn also vun extremer Bedeitung fir eis Zukunft an dofir soen ech de Kolleege vun deene Gréngen och villmools Merci fir d’Ufroe vun dëser Interpellatioun an och fir den Exposé ganz am Ufank.

Ech hunn eng ganz Rëtsch nei Wierder kennegeléiert, déi ech, ganz éierlech, och hei net ka widderhuelen. Mee ech mengen de Marc Hansen ass hei och méi Expert wéi déi meescht vun eis hei bannen.

D’Regierung huet an hirem Koalitiounsaccord villes ugekënnegt am Beräich vun der Ëmweltmedezin an et ass wichteg no 3 Joer elo emol e Bilan ze maachen, wat scho gemaach gouf, wat nach geplangt ass, a wou et eventuell  Lücke gëtt.

E grousse Problem heibäi ass, dass mir op ganz wéineg Etuden iwwer Lëtzebuerg aus dem Beräich vun der Ëmweltmedezin zeréck gräife kënnen. Fir d’Ausland ginn et zum Deel ganz ëmfaassend Etuden doriwwer, wéi vill Mikroplastik oder Schwéiermetaller an de Gewässer an an de Kierper vu Mënschen an Déieren ze fannen sinn.

Wéi belaascht sinn eis Liewensmëttel, eist Waasser eis Loft a jo, och eis Kierper? Hu ma e Problem mat Eternit op de Scheierdiech? Wéi vill Schuedstoffer stiechen ëmmer nach an de Mauere vun eise Gebaier? Ëm wéi eng Stoffer handelt et sech genee a wéi gi mir se nees lass? Äntwerten ob dës Froen ze sichen, an dann entspriechend Mesuren ze huelen, ka Liewe retten.

En Ausbau vun de Formatiounen an der Recherche an dësem wichtegen Domaine ass dofir indispensabel, an ech hoffen, dass d’Regierung eis haut och nach eng Rei Informatioune wäert dozou ginn, wéi si gedenkt an dësem Beräich d’Fuerschung auszebauen.

Dat soll awer net heeschen, dass mir aktuell näischt maache kéinte a mol nach als éischt drop waarde mussen, dass nach weider Étude gemaach ginn. Vu ganz ville Stoffer wësse mir och haut schonn, dass se z.B. staark kriibserreegend sinn oder aner schlëmm Krankheete verursaache kënnen.

Den Dioxin gouf genannt, den Alamgamm gouf genannt. Mir kënnen eng ganz Rëtsch Stoffer nennen, Fakt ass, mir brauche Strategien, wéi mir genau dës Stoffer lassginn. An do kënne mir net méi waarden. Do musse mir och net wieder op Etude waarden. Etuden déi ëmmer rëm dat selwecht confirméieren, wéi ma u sech haut scho wëssen.

Et geet also elo drëms Weeër ze sichen, fir se aus eisem Liewen ze verbannen. Eenzel Verbueter, esou wichteg se och sinn, ginn do net méi duer. Natierlech ass et gutt, wa mir geféierlech Chemikalien z.B. an der Landwirtschaft reglementéieren.

Mee mir dierfen net vergiessen, dass dee Moment, wou d‘Verbuet kënnt, eis Biedem oft awer scho Jore laang domat traitéiert goufen. Eleng duerch e Verbuet kritt een déi Stoffer oft net méi aus der Ëmwelt eraus an dofir hält hier Wierkung op Mënsch, Déier an Ëmwelt och oft net mam Verbuet op.

Do ass et da wichteg opzeklären. Ganz vill Leit si sech guer net bewosst, wat fir en Impakt hier Liewensëmwelt op hier Gesondheet huet, well si guer net wësse mat wat a wéi enge Stoffer si am Alldag a Kontakt kommen. Si bemierken dann eréischt, dass eppes net stëmmt, wa sech am Kierper chronesch Entzündungen oder aner Krankheete breet maachen. Mee souguer dann ass et oft nach e ganz wäite Wee, ja e ganz wäite Wee bei ganz villen, bis eng richteg Diagnose steet.

D’Anamnees ass heefeg net dofir equipéiert fir Ëmweltaflëss als éischten Aspekt ze kucken. Vill ze heefeg kucke mir fir d’éischt an der Medezin fir d’Symptomer ze behandelen, wéi fir d’Ursaach ze fannen. Eng Entzündung, kritt een eng Pëll, kritt een e Medikament, kritt ee gesot, huel eng Crème an da geet et dir besser. A genau do setzt jo d’Ëmweltmedizin un a genau musse mir d’prise en charge verbesseren.

Fir Persounen, déi ënnert gewëssen Ëmweltaflëss leiden, besser Hëllefen ze kënnen, Dofir war jo och eigentlech  d‘Ëmweltklinik geplangt. Mee, dat hunn puer Leit haut schonn hei gesot, déi léisst op sech waarden.

Ëmmer nees goufe Pläng gemaach an dann awer nees verworf a mëttlerweil gesäit et aus, wéi wann emol net e puer Zëmmer géifen ëmweltmedezinesch ëmgebaut ginn, geschweige dann e ganze Fligel vun enger Klinik.

Hei hoffe mir, dass mir haut nach eng Kéier weider Detailer kréien a vläicht méi positiv Nouvellen kréien, wéi aus deene rezenten Tëleesinterviewen.

Mir kéinten hoffe gewuer ze ginn bis wéini d‘Patienten hei am Land net nëmmen ambulant, mee och stationär kéinte behandelt ginn, an zwar am Beräich vun der Ëmweltmedezin an net nëmmen am Beräich vun der Medezin.

Wat ass aus den héijen Ziler aus dem Koalitiounsaccord ginn? Wat bléift Recht a wat wäert elo konkret ëmgesat ginn? Nach besser wéi eng adequat stationär Behandlung ass et natierlech  awer, d’Krankheet guer net opkommen ze loossen.

Ech sot et virdrun, hei fält dann d’Stéchwuert „Präventioun“ erëm. An domat mengen ech wierklech d’Präventioun vum Ausbrieche vu gewësse Krankheeten an net just d’Fréierkennung. Wa mir vun der Präventioun vu Kriibserkrankunge schwätzen z. B., da geet et jo oft och dorëms, reegelméisseg Routine-Analysen ze maachen, fir d‘Krankheete schonn an engem ganz fréie Stadium ze erkennen, fir se dann esou gutt et geet behandelen ze kënnen.

Mee do geet et eigentlech jo manner drëm enger Krankheet virzebeugen, wéi dorëm, se fréi ze erkennen. Natierlech sinn esou Routinesënnersichunge wichteg a se retten ganz vill Liewen. Mee mir kënnen awer nach méi maachen, wann mir nach ee Schrëtt méi frei ufänken, an esou gutt et geet probéieren, déi Saachen ze vermeiden, déi d’Krankheet iwwerhaapt eréischt ausléisen.

An hei si mir dann nees bei deem wichtegen Thema vun der Opklärung. Wann d’Leit net wëssen, wat se sech mat gewëssen Zousazstoffer a Liewensmëttel undinn, an net wësse wéi eng Materialien an hirem Haus verbaut sinn, da kënne si och net drop oppassen, sech gewësse Stoffer net eréischt auszesetzen.

Dofir muss méi informéiert ginn, dofir brauche mir méi Transparenz, wat Zousazstoffer a Liewensmëttel ugeet, Bausubstanzen an eisen Immobilien ugeet, wat d’Belaaschtung vun eise Biedem ugeet. An do ass jiddereen gefuerdert. Dat ass net nëmmen eng medezinesch Fro, dat ass eng gesamtgesellschaftlech Verantwortung.

A well et gesamtgesellschaftlech ass, muss awer och d’Industrie mat u Bord geholl ginn. Ja se muss gezwonge ginn Verantwortung ze iwwerhuelen, andeems streng Riichtwäerter festgehalen an Depassementer dann och konsequent bestrooft ginn.

Et kann net sinn, dass mir Riichtwäerter festsetzen an dann dono wann en Depassement ass, dat ëmmer als Eenzelfall, en dramatescht Accident… ja nee. Dat geet net duer. Mir mussen, wann en Depassement stattfënnt, dat dann och richteg kënne sanktionéieren.

Aplaz d’Leit medezinesch behandelen ze mussen, sollte mir kucken, dass esou mann wéi méiglech Leit iwwerhaapt krank ginn. Mee wa mir dat Zil erreeche wëllen, da musse mir endlech ëmdenken: da musse mir ophalen eis Biedem, eist Waasser, eis Loft an eise Kierper fir de vermeintleche „Fortschrëtt“ ze vergëften an da musse mir den Ëmweltschutz endlech viru wirtschaftlech Interesse stellen.

Mir hu just ee Planéit a jidderee vun eis huet och just ee Kierper. An dofir musse mir endlech besser op se oppassen.

Ech soen iech villmools Merci.

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat