Scho virun der Coronakris war et fir vill Flüchtlinge vu goussem Notzen sech am Alldag op eng gutt Internetverbindung kënnen ze verloossen. Éischtens verléieren d’Flüchtlingen doduerch net de Kontakt mat hire Frënn, Famill a lokale Kontaktpersounen, wat hirer mentaler Gesondheet an hirem Integratiounsprozess zegutt kënnt. Zweetens kënnen d’Flüchtlingen Offeren, wéi zum Beispill Online-Sproochecoursen oder Formatiounen, wouerhuelen. Grad fir den Homeschooling vun de Flüchtlingskanner ass et onerlässlech, datt si op dat néidegt IT-Material, eng fiabel Internetverbindung an engem rouege Léierëmfeld kënnen zeréckzegräifen. Eng gutt Internetverbindung ass deemno aktuell een essentiellt Mëttel, fir ze verhënneren, datt d’Flüchtlingen an der kompletter Isolatioun an den Uschloss un d’Gesellschaft verléieren.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Flüchtlingsfoyere bidden hire Bewunner/innen aktuell eng gratis WLAN-Verbindung am ganze Gebai un?
-
Wéi vill Foyere bidde guer keen Internet un?
-
Wéi héich ass an der Moyenne d’Uploads- an d’Downloadsgeschwindegkeet (an Mbit/Sekonn) vun de WLAN-Verbindung an de Foyeren? Wéi situéiert sech de Medianwäert hei?
-
Wéi vill Foyeren si mat feste Computeren a Laptoppen equipéiert? Wat ass hei d’Ratio tëschent Computeren+Tabletten+Laptoppen/Unzuel u Bewunner a Foyeren?
QP Nummer 3929