Internetaccès am ëffentlechen Transport

Passagéier op verschiddene Garen an Arrêten hei am Land kënne vun engem gratis Wifi-Reseau profitéieren. Wéi de Minister op meng Fro n°4863 geäntwert huet, solle bis 2022 all d’Garen hei am Land mat gratis WIFI equipéiert ginn. Aner europäesch Transportgesellschaften, ob Zuch oder Bus, sinn do schonns e bësse méi wäit a bidden hire Passagéier eng Wifi-Verbindung u Bord un. De Minister hat och nach erkläert, dass aktuell just 23 CFL-Busse mat gratis Wifi equipéiert sinn an, dass laanscht d’Zuchstrecken d’Eisebunn ofhängeg vun der Entwécklung an der Netzversuergung duerch déi ëffentlech Operateuren ass, wat bedeit, dass d’Passagéier hei mol net kënne vun engem verlässleche 4G-Netz profitéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op wéi ville Buslinnen existéiert aktuell ganzdags eng verlässlech gratis Wifi-Verbindung, déi d’Gesamtlängt vun der Streck couvréiert?

  2. Op wéi engen Zuchstrecken an op wéi enge Platzen existéiert aktuell keng Netzversuergung, déi den Empfang vu 4G erméiglecht? Wéi vill Kilometer Streck sinn insgesamt betraff? 

  3. Wäerten dës Blind Spots an Zukunft eng ausreechend Netzversuergung kréien a falls jo, bis wéini?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5139

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen