Internet an den Fleegeheemer

Op meng Fro n°2154 iwwert d’Kommunikatiounstechnologien an den Altersheemer huet d’Familljeministesch mir Folgendes geäntwert:
“”Déi meescht Strukture bidden de Bewunner d’Méiglechkeet un, ee Computer mat WLAN-Verbindung ze benotzen. Oft ass dëse Computer no beim Accueil, wou och eng Hëllefsstellung ass, installéiert. E puer Strukturen hunn eng WLAN-Verbindung am ganze Gebai.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Fleegestrukturen bidde keen Internet un?

  2. Wéi vill Fleegestrukture bidden e feste PC un?

  3. Wei vill Fleegestrukture bidden eng WLAN-Verbindung un?

  4. Am Fall, wou eng WLAN-Verbindung existéiert, wéi eng Käschten entsti fir d’Bewunner vun enger Fleegestruktur an der Moyenne? Wat ass déi bëllegsten Offer a wat déi deiersten Offer fir eng WLAN-Verbindung an enger Fleegestruktur?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2353

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt