D’Verhältnis tëscht engem Patient an engem Dokter ass ee ganz sensibelt. E Patient muss sengem Dokter vertrauen a grad wann et em méi schwéier Krankheeten oder Verletzunge geet, souguer heiansdo säi Liewen am Operatiounssall an d’Hänn vu sengem Dokter leeën.
Fir ze verhënneren, dass Dokteren, déi sech duerch schlëmmt Feelverhale strofbar gemaach hunn, nach Patiente behandele kennen, kann de Gesondheetsministère zu Lëtzebuerg den Dokteren hir Approbatioun entzéien, falls et zu engem grave Feeler bei der Behandlung vun engem Patient koum.
Änlech Prozedure ginn et och am Ausland an eigentlech informéieren d’Länner aus der EU sech och géigesäiteg doriwwer, wéi eng Dokteren hier Approbatioun verluer hunn.
Wei RTL 5 Minutes den 12. Oktober 2020 gemellt huet, soll et aktuell awer e Gynekolog ginn, deen hei zu Lëtzebuerg schafft, obwuel hien a Frankräich wenns engem grave Feeler net méi exerzéieren dierf.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Ass der Madamm Ministesch de genannten Artikel aus der Press bekannt an huet si Kenntnis vun de Virwërf, déi opgeworf ginn?
Ass et richteg, dass zu Lëtzebuerg eng oder méi Persounen als Dokter schaffen, déi an anere Länner kee Recht méi hunn, hire Beruff ze exerzéieren? -
Kann d’Madamm Ministesch erklären, wéi et dozou komme kann, dass Dokteren, déi am Ausland hier Approbatioun verluer hunn, zu Lëtzebuerg nach schaffe kennen?
-
Feelt et, der Aschätzung vun der Ministesch no, un harmoniséierte Prozedure fir e feelerfräien internationalen Informatiounsaustausch ze garantéieren, a Fäll wou Dokteren hier Approbatiounen entzu kréien?
-
Wéi wëll de Gesondheetsministère den internationalen Informatiounsaustausch am Kontext vun den Approbatioune fir Medezinner verbesseren?
-
Falls d’Informatiounen aus dem RTL-Artikel zoutreffe sollten: Wéi wäert de Gesondheetsministère reagéieren? Wäert de betraffenen Dokter nach weiderhin zu Lëtzebuerg schaffe kennen?